Nee zum Covid-Gesetz: ADR bleift hirer Linn trei!

D’ADR huet de 14. Mee géint dat neit Covid-Gesetz gestëmmt – an dat aus guddem Grond- Grad den Horeca-Secteur gëtt op en Neits muttwëlleg schikanéiert. De Jeff Engelen betount, datt d’ADR sech géint déi obligatoresch Schnelladrer ausschwätzt. Dës sinn nämlech wéineg zouverlässeg an et bestinn iwwerdeems och juristesch Onkloerheeten, wat iwwerhaapt d’Befugnisser vum Personal aus dem Horeca-Secteur sinn. Den ADR-Nord-Deputéierte riicht dann och de Bléck an d’Ausland: An Däitschland ginn z.B. d’Police-Beamte prioritär geimpft, hei am Land feelt et un enger laangfristeger Strategie wat déi prioritär Impfung vu verschiddene Beruffsgruppen ugeet. De Jeff Engelen ënnersträicht iwwerdeems och, datt d’Regierung de Fräiberuffler finanziell entgéint komme muss, soulaang dës duerch déi sanitär Mesuren dovun ofgehale ginn, fir hire Betrib normal fonctionéieren ze loossen.

Deel dëse Post: