Nee zum Auslännerwalrecht!

Am Luxemburger Wort vum Samschden, dem 22. November 2014, ass den Débat iwwer d’Fro vum Auslännerwalrecht, wéi se am geplangten Referendum soll gestallt ginn, discutéiert ginn. D’ADR huet heibäi mat engem Artikel vum Gast Gibéryen de Contra vertrueden. Titel:  Nee zum Auslännerwalrecht!

D’ADR ass géint d’Auslännerwalrecht bei de Chamberwalen. Et gëtt jo och kaum e Land, dat e Recht, dat esou enk mat senger Souveränitéit verknäppt ass, mat sengen auslännesche Résidentën wéilt deelen. Zënter dass mir déi duebel Nationalitéit hunn, ass et och iwwerflësseg, iwwerhaapt esou eng Méiglechkeet ze envisagéieren. Iwwer d’Lëtzebuerger Nationalitéit ka jo jiddereen an der Politik matmaachen, ob als Wieler oder als Kandidat. Iwwer dee Wee kann een souguer d’Walrecht dräi Joer méi séier kréien, wéi d’Iddi vum Auslännerwalrecht et elo virgesäit. Wieler soll dee sinn, deen sech iwwert d’Nationalitéit integréiert an esou seng Loyalitéit zu der Lëtzebuerger Identitéit, Geschicht, Kultur, Gesellschaftsuerdnung ausdréckt a seng Maîtrise vum Lëtzebuergeschen ënner Beweis stellt. Fir d‘ADR ass kloer: Integratioun iwwer eis Sprooch an eis Nationalitéit ass den éischten an absolut noutwennege Schrack fir un der nationaler Politik deelzehuelen.
Een Auslänner, dee bewosst net wëllt Lëtzebuerger ginn, obwuel hien géing d’Konditiounen erfëllen, sollt net no zéng Joer Openthalt trotzdem quasi automatesch kënnen d’Walrecht kréien. Wien wëllt da nach d’Nationalitéit unhuelen, wann déi him keng zousätzlech politesch Rechter méi bréngt? En Auslännerwahlrecht wär ausserdeem ongerecht géintiwwer deenen, déi eis Nationalitéit ugeholl hunn an dofir eis Sprooch geléiert hunn.

Et kann een sech och froen,ob déi lëtzebuergesch Politik vill auslännesch Matbierger iwwerhaapt interesséiert. Bei de Gemengen- an Europawalen, wou si jo kënne matwielen a sech och kënnen opsetzen, ass et nëmmen eng Minoritéit, déi sech aschreift. An dat, obwuel vill Parteien, Associatiounen a Gewerkschaften alles probéieren, fir hinnen d’Walen hei am Land méi nozebréngen. Vun engem Demokratiedefizit op Lëtzebuerger Säit kann mat Sécherheet keng Rieds sinn. Eng Erklärung fir déi Tatsaach kéint einfach en Désintressi fir Lëtzebuerg sinn, dat dacks nëmmen als Aarbechtsplaz awer net als politesch Heemecht ugesi gëtt. D’Recht vun den Auslänner fir bei Sozial-, Gemengen- oder Europawahlen matzewielen, gëtt awer bekanntlech och vun der ADR ënnerstëtzt.
D’ADR gesäit net an, datt EU-Bierger oder Auslänner aus Drëttstaaten, déi net wëllen Lëtzebuerger ginn, iwwer eis national Gesetzer matbestëmmen sollen. Dat géing eis national Souveränitéit ënnergruewen. An déi muss eis méi wichteg sinn, ewéi de Modell vun enger multikultureller Gesellschaft ouni wierklech Solidaritéit, Loyalitéit an Identitéit vun all hiere Memberen. Mat där Iwwerzeegung steet d‘ADR international och net alleng, well e Walrecht fir Auslänner gëtt et weltwäit nëmmen a Neiséiland an an Uruguay, an déi sinn mat eis net ze vergläichen! A keen anert Land an der Europäescher Unioun denkt och nëmmen un esou e Gesetz!

D’Walrecht fir Auslänner bei Parlamentswahlen ass a Wierklechkeet en Deel vun enger Strategie fir d’Fonction publique ganz fir Auslänner opzemaachen, och déi Beräicher, déi déi national Souveränitéit beréieren. An och d’Recht, fir sech bei Walen als Kandidat opsetzen ze loossen, dierft nom aktive Stëmmrecht net méi wäit ewech sinn. Awer eisen Auslännerundeel ass mat bal 46 Prozent esou héich, datt e Walrecht fir déi Leit eis ganz Gesellschaft kéint fundamental an irreversibel veränneren, ob eng Manéier, déi mir elo nach net kënnen ofgesin.

Munchereen vun deenen, déi esou haart dat Walrecht fir Auslänner verlaangen, versprécht sech e kuerzfristege Virdeel doraus an hofft drop, datt vill vun dësen Neiwieler fir hien géife stëmmen. Anerer plädéieren fir d’Auslännerwalrecht, fir déi an hiren Aen ze staark Positioun vun den Staatsbeamten an eiser Gesellschaft ze schwächen.

Fir d’ADR stinn awer eist Land an eis staatlech Souveränitéit wäit iwwer esou engem politeschen Kalkül. D’Auslännerwalrecht ass a Wierklechkeet keen harmlosen, multikulturellen oder mënschefrëndlechen Geste, mais e plompe Versuch fir verschiddenen Parteien méi politesch Muecht ze verschafen an eist Land ëmzewandelen. Dat sougenannte Walrecht fir jiddereen soll e Walvirdeel fir e puer Parteien bréngen.
Nach e Wuert zur Form vun dësem Referendum: D’ADR ass voll a ganz fir Referenden, déi eise Wieler et erlaben, bei wichtege Froen mat ze decidéieren. Mä esou wéi d’Regierung de 7. Juni dat anert Joer wëllt virgoen, ass awer grondfalsch. Well de Referendum iwwer déi véier Froen, dorënner och d’Auslännerwalrecht, ass net bannend an entsprécht och net deene Prozeduren, déi an eiser Verfassung stinn. Amplaz d’Verfassung ze respektéieren, well eis Regierung fir hir Zwecker Drock opbauen – dat soll hir net geléngen!
Gast Gibéryen

Deel dëse Post: