Nationalkongress: Et féiert kee Wee méi laanscht d’ADR!

Um ADR-Nationalkongress 2024 haten sech de 17. Mäerz iwwer 200 op der Marie-Astrid zesummefonnt. E Nationalkongress vun enger Partei, déi eendeiteg am Opschwong ass. Dat weist net nëmmen d’Zuel vun de Parteimemberen, déi am Rekordtempo an d’Luucht geet, mee och déi exzellent Walresultater bei de Chamber- a Gemengewalen. Deementspriechend optimistesch, fir net ze soen, realistesch, ass d’Partei dann och am Hibléck op d’Europawalen mam Spëtzekandidat Fernand Kartheiser. D’ADR kämpft mat Elan, fir mindestens ee Sëtz am Europaparlament ze kréien. D’ADR geet iwwerdeems mat enger neier a méi jonker Parteispëtzt an dës Walen. D’ADR-Ost-Deputéiert Alexandra Schoos, 35 Joer jonk, gouf zur neier Parteipresidentin gewielt. De Spëtzekandidat fir d’Chamberwalen, Fred Keup, ka sech elo ganz op seng Roll als Fraktiounspresident konzentréieren. Vizepresidenten sinn den Dan Hardy, d’Pierrette Koehler, de Ramon Biermann an de Luc Martiny. Neie Generalsekretär vun der ADR ass de Luc Reyter, dee virdru scho President vum ADR-Bezierk Süden war. A senger Untrëttsried als Parteipresidentin geet d’Alexandra Schoos op d’Grondwäerter vun der Partei an, sou wéi d’Grënnungspappe vun der ADR dës scho viru Joerzéngte festgeluecht hunn: Gerechtegkeet, Fräiheet, Solidaritéit, Nohaltegkeet! An dobäi gëtt kloer: D’ADR ass aus der politescher Landschaft net méi ewechzedenken!

 

 

 

Deel dëse Post: