Mir si prett, Verantwortung ze iwwerhuelen!

Euphorie, Emotiounen, Virfreed a vill Realpolitik:
Den ADR-Nationalkongress vum 26. Mäerz 2023 am Parc Hotel Alvisse wäerten déi ronn 200 Leit net esou schnell vergiessen. Den ADR-Nationalpresident Fred Keup, vum Nationalkommitee eestëmmeg als Spëtzekandidat fir d’Nationalwalen 2023 designéiert, huet a senge Rieden de Sall zum Vibréiere
bruecht. Och déi aner Riedner hu kloergemaach: D’ADR ass d’Alternativ fir Lëtzebuerg. D’ADR ass méi wi jee prett, Verantwortung ze iwwerhuelen. Mat der ADR gëtt Lëtzebuerg nees zu engem sécher Land, mat der ADR gëtt Lëtzebuerg nees zu engem liewenswäerte Land – e Land, wat seng Sprooch an Identitéit héichhält. Mat der ADR ass endlech Schluss mat Gender-Gaga an där geféierlecher “woke“-Kultur, déi de Leit ëmmer méi virschreift, wéi si ze schwätzen hunn, wéi si sech ze behuelen hunn a wat si ze denken hunn. D’Cancel-culture mécht sech ëmmer méi breet an d’Leit solle gläichgeschallt ginn – Sowjetunioun léisst gréissen. Schluss domat!

 

Virun allem ass d’ADR bereet, endlech eng Realpolitik ze maachen, déi Gambia 2.0 an hirer Seefeblosen-Welt sou laang verpasst huet, ze maachen. Et muss Schluss si mat där onkontrolléierter
Bevëlkerungsexplosioun, déi eis Liewensqualitéit opfrësst an d’Wunnen zu engem Luxus mécht. Als eenzeg Partei ass d’ADR capabel, de Problem beim Numm ze nennen a Léisungen ze proposéieren. Mat der ADR gëtt d’Diskussioun iwwert Wuesstemsfal, déi fir all grouss Problemer hei am Land verantwortlech ass, zu enger Prioritéit. An dobäi huet d’Alternativ demokratesch Reformpartei et och
an der Vergaangenheet net verpasst, Alternativen ze proposéieren: De Mëttelstand stäerken, eng selektiv Betribspolitik an eng Schoulpolitik, déi endlech de Besoine vun eiser Ekonomie gerecht gëtt. E wierkleche Wiessel kënnt just mat enger biergerlecher Koalitioun zustanen a Gambia 3.0 muss mat
alle Mëttele verhënnert ginn an dobäi gëtt kloer: D’ADR huet Lëtzebuerg net opginn! A wann déi aner Partien d’Wale fäerten, d’ADR freet sech op d’Walen.
Mir iwwerhuele Verantwortung fir Lëtzebuerg.

Hei fannt Dir de ganze Nationalkongress 2023 am Alvisse Parc Hotel vum 26. Mäerz.

Deel dëse Post: