D’ADR presentéiert sech um gutt besichten Nationalkongress vum 18. Mäerz zu Bäertref als staark a geschlosse Partei. An de Riede gouf déi ganz Bandbreet vun de gesellschaftlechen a politesche Suergen, déi Lëtzebuerg den Ament huet, ugeschwat. De Nationalkongress huet alt erëm gewisen, datt d’ADR e kloren a pragmatesche Bezuch zu dem Uleies vun de Leit huet. Lëtzebuerg braucht d’ADR, d’Reformpartei scheit net dovun zréck, de Fanger an d’Wonn ze leeën an onbequem Entwécklungen unzeschwätzen, wéi zum Beispill d’Flüchtlingskris oder de Schutz vum Liewen, zu deenen déi aner Parteie léiwer de Mond halen. De Roy Reding ass a senger Interventioun der Logementsproblematik op de Fong gaang an huet novollzéibar opgewisen, datt Gambia hëlleflos, passiv an inkompetent ass, wann et drëm geet, de Lëtzebuerger bezuelbare Wunnraum ze bidden. De Fernand Kartheiser schwätzt sech fir e staarkt a souveräänt Lëtzebuerg aus. D’Presidentin vun den ADR-Fraen, Sylvie Mischel, huet en déifgrënnege Plädoyer iwwert de Wäert vun der Famill gehalen a verdäitlecht, wéi wichteg et ass, de Kanner déi Gebuergenheet a Léift entgéintzebréngen, déi se verdéngen. Fundéiert an humorvoll hunn déi lescht zwee Riedner, den ADRenalin-President Michel Lemaire an de Fraktiounschef Gast Gibéryen, gewisen, datt an Zukunft kee Wee méi laanscht d’ADR féiert. Gestäerkt a mat Lëschten, bei deenen sech elo well erauskristalliséiert, datt se sou staark wäerte gi, wéi nach ni virdrun, geet d’ADR an d’Chamberwalen. D’Kooperatioun mam erfollegräichen”Wee 2050″ vum Fred Keup weist, datt d’ADR definitiv an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm ass. D’ADR ass bereet, dëst Land matzeregéieren.

Hei fannt Dir déi politesch Interventiounen vum Nationalkongress 2018 zu Bäertref: