Nationalitéitegesetz: kéng Kompromësser mat der Lëtzebuerger Sprooch!

print

De sougenannte Kompromëss zum Nationalitéitegesetz, tëschent der Véiererband (Gambia-Regierung an CSV), gëtt net vun der ADR matgedroen! Et bleift nach e grousse Wee ze goen, fir dem Wonsch vun de Lëtzebuerger z’entspriechen: Lëtzebuerger ass, wien Lëtzebuergesch kann! D’ADR ass, wéi versprach mee nëmmen pro forma, nach eemol vum Justizminister empfaange ginn, dëst awer nodeems den Text am Regierungsrot ugeholl ginn ass. Fir d’Alternativ Demokratesch Reformpartei däerf et keng Kompromësser ginn, wann et ëm d’Lëtzebuerger Sprooch als Integratiounsfaktor geet. D’ADR ass entsat, datt beim Sproochentest den Niveau de facto op den A2 erof gesat soll ginn! E klénge Liichtbléck ass, datt eng Rei Bedenken, déi d’ADR bei den Entrevuen zum Nationalitéitegesetz geäussert huet, de Wee an de Projet fonnt hunn.

Eng Delegatioun vun der ADR ass e Freideg vum Justizminister iwwert de leschte Stand vum Projet informéiert ginn, de geneeën Text ass awer nach net disponibel. No den Informatioune vum Här Minister steet awer schonns fest, datt et eng Réi Punkte ginn, mat deenen d’ADR op kee Fall averstanen ass.

Dat ass an éischter Linn de faule Kompromëss wat de Sproochentest betrëfft. Hei geet et an Zukunft duer, fir e puer Wierder ze schwätzen, konkret fir 30/60 am Test um Niveau A2 ze hunn!!! Sollt de Kandidat dobäi net reusséieren, kann e mam Test am Verstoen, wuel um Niveau B1, „kompenséieren“. Den Niveau A2 ass dee vum „Iwwerliewen“ („Niveau intermédiaire ou de survie“), et soll duer goen fir „iwwert einfach a gewéinlech Aufgaben“ kommunizéieren ze kënnen. Nee Här Minister, dat geet net duer!

Och mat dëse Punkten, ënner aneren, ass d’ADR net averstanen:

  • Dispens vum Sproochentest no 20 Joer Residenz (et geet laut dem Minister duer, e Sproochecours vu 24 Stonnen ze maachen);
  • déi ze vill kuerz Residenzklausel beim Droit du Sol;
  • datt Elteren oder Adoptivelteren, déi kee Lëtzebuergesch kënnen, de Pass kréien ouni Sproochentest, dëst wann hiert Kand Lëtzebuerger gëtt;
  • dat net am Gesetz steet, datt e bei Terrorismus d’Lëtzebuerger Nationalitéit ka verléieren.

D’ADR hat schonns am November dem Justizminister detailléiert Propositiounen zum Gesetz iwwert d’Nationalitéit gemaach. En Deel vun dëse Propositiounen hunn de Wee an de Gesetzprojet fonnt.
Dës schwéier Ongereimtheeten, déi aus dem initiale Projet sinn, konnt d’ADR verhënneren:

  • et kann een net, no 8 Joer Residence, OUNI Sproochentest Lëtzebuerger ginn;
  • et kann een net, duerch d’Bestietnis, OUNI Sproochentest Lëtzebuerger ginn;
  • et kann een net, mat 75 Joer, OUNI Sproochentest Lëtzebuerger ginn;
  • et gëtt kéng Extrawurscht fir auslännesch Beamten;
  • et zielen déiselwecht Bedingunge bäi der Residenzklausel fir Flüchtlinge wéi fir aner Auslänner.

Positiv ass och, datt d’Gesetzespropositioun vun der ADR, fir den Zaldoten ënner bestëmmte Bedingungen d’Lëtzebuerger Nationalitéit méi séier ze ginn, säin Nidderschlag am Gesetz fonnt huet.
D’ADR wäert elo de Gesetzprojet genau analyséiere fir, mat konkreten Amendementer, dem Wonsch vun de Lëtzebuerger ze entspriechen.
Fir d’ADR steet fest: de Lëtzebuerger Pass ass d’Unerkennung vun enger reusséierter Integratioun,net den Ausgankspunkt vun enger Integratioun aus enger Gesellschaft vu Communautéiten, wou eng nieft där anerer lieft ouni sech ze verstoen.

Pressematdeelung vum 11. Mäerz 2016

Kuckt och:

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.