Nationale Schutz: e schwaacht Gesetz, eng schwaach Regierung [Video]

Den 13. Juli gouf an der Chamber en Haut Commissariat de la Protection nationale geschaft … mat de Stëmme vun der ADR. Allerdéngs war de Fernand Kartheiser absolut net mam Gesetz zefridden. D’Bestëmmunge wären all ganz schwaach, an et géing sech d’Fro stellen, wéi realistesch dat am Eeschtfall bei enger Katastrof oder enger nationaler Gefor kéint funktionéieren. Et wär kloer, datt d’Regierung géing probéieren, virun hirer Verantwortung fortzelafen, an am léifste am Krisefall géing hir Beamte virschécken. Gambia wär jo emol net amstand, fir d’Energieversuergung vum Land am Krisefall ze sécheren.

Deel dëse Post: