Nationale Commemoratiounsdag: Keng politesch Manipulatioun vun eise patriotesche Feierlechkeeten!

D’ADR mécht sech grouss Suergen, wat d’Erënnerungskultur ëm den Zweete Weltkrich betrëfft. Net méi um Weekend , mee matten an der Woch, soll un d’Lëtzebuerger Affer vun den Nazien erënnert ginn. Dëst ass net déi éischt Ännerung déi dës Regierung am Beräich vun der Erënnerungskultur gemaach huet.

Den 10. Oktober 1941 hat de Gauleiter Gustav Simon d’Personenstandsaufnahme organiséiert, eng “Vollekszielung” iwwert déi d’Nazien d’Lëtzebuerger wollten “Heim ins Reich” huelen. D’Resistenz huet sech organiséiert an eng grouss Majoritéit vun de Bierger huet grousse Courage bewisen, andeems si op d’Froe mat “dräimol Lëtzebuergesch” geäntwert hunn!

Dowéinst gouf zu Lëtzebuerg, ëm den 10. Oktober, all Joer un all d’Affer vun der Nazioccupatioun erënnert, dëst esouwuel mat nationale Gedenkfeiere wéi och mat Zeremonien an de Gemengen. Bis elo war den nationale Commemoratiounsdag (Journée nationale de la Commémoration) prinzipiell den éischte Weekend nom 10. Oktober, esou datt ganz vill Leit, patriotesch Vereenegungen awer och vill lokal Veräiner, un dëse Feierlechkeete konnten deelhuelen.

D’ADR ass der fester Iwwerzeegung, – och wann et ëmmer manner Zäitzeie gëtt, déi déi däischter Zäite vun der Nazioccupatioun um eegene Läif erlieft hunn – datt de Souvenir un d’Affer vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg an un d’Folge vum Nationalsozialismus muss héichgehale ginn. Déi grouss Affer, déi d’Awunner vu Lëtzebuerg am zweete Weltkrich bruecht hunn – Patrioten déi am Alldag de Preisen de Bass gehalen hunn, Resistenzler, Zwangsrekrutéierter, Refraktären, Ëmgesiidelter, Judden an nach anerer – däerfen net an de Vergiess geroden! Dowéinst ass et och wichteg, datt déi Feierlechkeeten net am Laf vun der Zäit aus politesche Grënn ëmgedeit ginn, mee datt si geschichtstrei bleiwen.

D’ADR mécht en Opruff un d’Regierung, déi kommend national Commemoratiounsdeeg nees esou ze leeën, datt e groussen Deel vun der Populatioun doru kann deelhuelen. D’ADR gesäit d’Gefor, datt eng eenzeg zentral Feier soll d’Erënnerungskultur an de Gemenge verdrängen, ëmsou méi well eng eenzeg Feier op nationalem Niveau liicht ka vun der Regierung fir hir politesch Zwecker gebraucht ginn. D’ADR fuerdert d’Regierung och op, Deeg vun der Erënnerung un eis Geschicht a patriotesch Ereegnesser, wéi virun allem och den Nationalfeierdag, net weider als Bühn fir hir parteipolitesch Messagen ze mëssbrauchen.

Pressematdeelung vum 6. Oktober 2017

Deel dëse Post: