Nationalbibliothéik: D’Diskussioun geet weider

Esou lues kréien Déi Gréng eng gewësse Routine, wat Virwërf vun Nepotismus (Beviirdeelegung vu Leit, déi engem nostinn) an ëffentlechen Ämter ugeet. Nom Carole Dieschbourg (Gaardenhaischen-Affär) huet et elo d’Kulturministerin Sam Tanson erwëscht, déi eng Studiefrëndin an LSAP-Politikerin zum Direkter vun der Nationalbibliothéik wëll maachen. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet drop gehalen, datt d’Madamm Minister an der Kulturkommissioun vum Parlament Ried an Äntwert steet. Mee och duerno, ass hien net iwwerzeegt, datt alles richteg gelaf ass. Ausserdem gëtt et nach eng geriichtlech Prozedur vun engem vun de Kandidate fir dës Plaz, dee sech trotz besseren Diplomer als Bibliothekar, iwwergaange fillt.

Deel dëse Post: