National Solidaritéit muss elo sinn

D’ADR huet haut an engem Pressekomunikee verlaangt, dat d’Affer vun den Iwwerschwemmungen vum leschte Weekend esou séier an esou komplett wéi méiglech solle gehollef kréien. Dat wär elo eng Fro vu nationaler Solidaritéit. Lëtzebuerg géing ni zécken fir materiell Hëllef a Suen an international Krisegebidder ze schécken. Da misst eis Regierung och dofir suergen, datt d’Affer vun der Iwwerschwemmungskatastrof hei am Land hire Schued ouni Aboussen ersat géingen ersat kréien. “An e puer Méint däerf d’Onwieder vu leschtem Freideg fir d’Affer nach just eng béis Ërënnerung sinn, déi fir si keng existentiell oder finanziell Konsequenze gedroen huet”, heescht et wuertwiertlech am Komunikee.

Dréngend parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser

D’Drénglechkeet vum Fernand Kartheiser senger Fro war net unerkannt ginn, awer aus der Regierungsäntwert geet eraus, wéi d’Affer vun den Iwwerschwemmunge gehollef kréien … a wéi nët.

Deel dëse Post: