“Nation Branding”: mat wéi enge Leit?

Virun engem Joer hat den Här Bausseminister eng Pressekonferenz ofgehalen, an där déi nei Nation-Branding-Campagne vun der Regierung virgestallt gouf. Déi aktuell Phas vum Nation Branding soll bis 2025 lafen a gëtt mat 1,5 bis 1,8 Millionen Euro pro Joer subventionéiert. Domat solle Projeten entwéckelt ginn, déi eist Land no bausse promouvéiere sollen. Dat geet awer naturgeméiss just mat Leit, déi sech fir dës Projeten engagéiere bzw. aspaane loossen. Wat weess een iwwer dës Leit?

 

Deel dëse Post: