100 Lëtzebuerger wandere pro Mount (!)  aus eisem Land aus, et feelt u bal 15.000 Wunnengen zu Lëtzebuerg an dobäi gëtt all d’Fläch vu ronn 1000 Fussball-Terrainen zoubetonéiert, déi Jonk kënnen sech d’Wunnen net méi leeschten an den Aarmutsrisiko klëmmt an allen Alterskategorien: Eist Land befënnt sech an engem Ausnamezoustand, an enger dramatescher Situatioun an et hätt een sech an der Ried zur Lag vun der Natioun vum 8. Oktober Äntwerten erhofft – ëmsoss!

De Premier wousst awer soss näischt ze beriichten, ewéi Floskelen a Schéi-Wieder-Politik. Konkret Piste fir dem Klimawandel entgéint ze wierken huet een a senger Deklaratioun och ëmsoss gesicht. Wat de Premier verpasst huet, huet dunn de Gast Gibéryen nogeholl. Den ADR-Fraktiounschef huet der Regierung de rosa-roude Brëll erofgerappt a gewisen, a wéi engem desolaten Zoustand eist Land wierklech ass. Et huet an der Interventioun vum Gast Gibéryen och net u konkrete Piste gefeelt, wéi eist Land aus der Klima- a Wuesstemsfal erauskomme kann: Bei der Néierloossung vu Betriber muss eng méi selektiv Politik gemaach ginn, d’Wuesstemsdebatt däerf net vun der Klimadebatt getrennt ginn, et muss endlech en Zukunftsdësch organiséiert gi mat Politiker, Experten a Vertrieder aus der Zivilgesellschaft, net méi mat der Geld-Strenz iwwert d’Land fueren, Impaktstudie bei grousse Betriber an zum Schluss och d’Asiicht, datt een net laascht e gesonde Mooss u Verzicht komme wäert. 

De Premier hat a senger Ried betount, datt hie sech wéilt “lassléisen” vum traditionelle Modell, fir all déi wichteg Problemer unzeschwätzen. An den Ae vum Gast Gibéryen sollt hie sech léiwer lassléise vu senger Funktioun als Premierminister an domat de Wee fräi maache fir Neiwalen. Véier weider Joer Gambia géifen eist Land definitiv futti maachen, esou d’Konklusioun vum Gast Gibéryen.