Nach méi Iwwerwaachung am Verkéier!

Ëmmer rëm fält de Verkéiersminister François Bausch duerch seng extrem feindlech Haltung vis-à-vis vun den Autoschaufferen op. Zwar betount hien ëmmer de Contraire, mee sou huet hien dem ADR-Deputéierte Jeff Engelen och nach am Summer geäntwert, hie géif keng nei Modeller vu Radare virgesinn. Nëmme puer Méint méi spéit solle lo och Radaren agefouert ginn, déi den Handy um Steier kontrolléieren. Ass et engem Minister, deen net méi wëll untrieden, well schonn egal, datt en all Kredibilitéit verléiert?

Deel dëse Post: