Nach méi Belaaschtung fir Independanten?

Déi schwaarz-blo Regierung, notamment de Staatsminister Luc Frieden propagéiert ëmmer rëm gären déi dréngend néideg Entlaaschtung vum private Mëttelstand. Ma wärend d’ADR an hirem Walprogramm dozou eng ganz Rei konkret Propose gemaach huet, geet d’Belaaschtung ënnert där enger wéi där anerer Regierung riicht weider. Säit dem 1. Januar kënnen d’Independanten hir Soziallaaschten net méi iwwert de Betrib ofrechnen, mee mussen sech dës fir d’éischt virstrecken a versteieren. Eng Decisioun vun der Madamm Backes, déi vun der CSV kritiséiert gouf, mee wou een awer bis lo net héiert, datt den Här Roth se wéilt réckgängeg maachen. Firwat eigentlech net?

Deel dëse Post: