N7: Studien iwwert Studien awer näischt geschitt!

De gesamte Verkéiers- an Transportproblem muss zu engem zentralen Thema vun enger aktiver, ëmweltbewosster a laangfristeger politescher Gestaltung ginn. An de leschte Joerzéngten huet sech ëmmer méi verdäitlecht, datt Lëtzebuerg a Punkto Verkéier an ëffentlechen Transport kuerz virum totale Kollaps steet. Dorun ass dat plangloost Gewurschtels um Verkéiersnetz vu bis dato alle Regierunge schold. D’ADR ass der Iwwerzeegung, datt endlech Schluss si muss mat deene konzeptlosen Iddien. Desweidere mussen d’Aarbechtsplazen sech op dat ganzt Land verdeelen; eng Zentraliséierung kann an deem Kontext just zu Verkéiersproblemer féieren.D’ADR Norden seet kloer an däitlech „Nee“ zum Ausbau vun der N7 zu enger Dräibunn. Dëst ass e Réckschrëtt. De Minister Bausch hätt besser, näischt ze ënnerhuelen, ewéi dëse Projet op déi Manéier ze verschampeléieren.

Als ADR Norden sti mir zanter méi wéi 20 Joer fir den Ausbau vun der N7 zu enger 4-spureger Strooss. Dëst soll an dräi Etappe geschéien:

1.Etapp: Deviatioun Ettelbréck/Feelen: Tëscht dem Fridhaff a Feelen muss eng Direktverbindung tëscht der N 27  an der N 15 geschaf ginn. Dës Deviatiounsstrooss ëmfaasst och ee Verdeelerkrees fir bei den Ettelbrécker Lycée a fir bei d’Ettelbrécker Klinik ze kommen. De Verkéier däerf op kee Fall duerch Ettelbréck geschleist ginn, sou wéi dat bis elo de Fall ass.

2.Etapp: Eng 4-spureg Deviatiounsstrooss fir d’Uertschaften Housen an Hengescht huet fir eis Prioritéit virun engem 4-spuregen Ausbau vun der gesamter Nordstrooss

3.Etapp: An engem adequaten Zäitraum a mat engem strukturéierte Plang soll dann de restlechen Deel vun der N7 op véier Spuren ausgebaut ginn.

Et muss elo endlech Schluss sinn domadder, datt eng Regierung no der anerer de Projet Nordstrooss verschampeléiert.

 

Pressematdeelung vun der ADR-Norden vum 7. November 2017

Deel dëse Post: