Musse Staatsbeamte Lëtzebuergesch kënnen?

An enger Rei Gesetzer goufen Dispositioune geholl, déi eng Aarbechtsplaz beim Staat erméiglechen, och wann een nëmmen an enger oder zwou vun eisen administrative Sprooche Kenntnesser huet. Den Deputéierte Fernand Kartheiser wëllt ënner anerem wëssen, wat fir Funktioune vum ëffentlechen Déngscht heivu betraff sinn, wéi vill Plaze bis elo esou besat goufen an ob déi Léit motivéiert ginn, déi administrativ Sprooch(en) ze léieren, déi si net kënnen.

 

Deel dëse Post: