Motorsport als Stéifkand?

De Roy Reding huet eng intressant parlamentaresch Fro gestallt, nodeems en Organisateur sech beschwéiert hat, datt et bal onméiglech ass fir e Motorsport-Evenement zu Lëtzebuerg ze organiséieren. Dëse Mann wollt e Supercross op d’Been stelle fir mam Benefice kranke Kanner ze hëllefen. Dës Zort Motocross gëtt op Circuiten, dacks och an Halen, gefuer, déi nom Spektakel nees kënnen ofgerappt ginn. De Roy Reding stellt e puer Froen un déi zoustänneg Ministeren. Am Kader vum “Nation Branding” freet hien och, wéi et zu Lëtzebuerg mat enger Formel1-Course ass, well jo vill Länner dëse Sport benotze fir fir sech Reklamm ze maachen.

Deel dëse Post: