Moossnamen ouni wëssenschaftlech Grondlag?

 

D’ADR hannerfreet d’Teststrategie vun der Regierung!

D’Madamm Gesondheetsminister Paulette Lenert huet haut ganz iwwerflächlech mëndlech op eng ausféierlech Fro vun den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser a Jeff Engelen geäntwert. D’Fro war dréngend, dofir konnt d’Madamm Minister an der Plenière drop agoen. Si huet allerdéngs den ADR-Deputéierte versprach, eng schrëftlech Äntwert nozereechen.

D’ADR hannerfreet der Regierung hir Teststrategie an enger laanger ausféierlecher parlamentarescher Fro, déi och vum Chamberpresident fir drénglech unerkannt ginn ass. D‘ADR wëllt Detailer a stellt eng ganz Rei fundéiert a pertinent Froe mat Referenz op d’Wëssenschaft.

Am Kader vum Covid-19 hëlt d’Regierung Entscheedungen, mat deene si déif an d’Privatsphär vun de Leit agräift. D’perséinlech Fräiheet an d’verfassungsméisseg Rechter ginn a Fro gestallt, an Existenze ginn an de Ruin gedriwwen, wat privat, gesellschaftlech, sozial a wirtschaftlech Konsequenzen huet – eng Realitéit, iwwert déi net gär geschwat gëtt.

Schonn zënter Méint stëtzt d’Regierung sech op d‘Fallzuelen, déi mam sougenannte PCR-Test ermëttelt ginn, fir hir Politik an hir Moossnamen ze begrënnen a Restriktiounen ëmzesetzen. Esou ass de 25. November schonn erëm en neit Covid-Gesetz gestëmmt ginn, mat deem d’Restriktioune verlängert an erweidert goufen. Esouguer e partielle Lockdown gouf verhaangen. Dobäi stelle sech vill Froen iwwert d’Teststrategie, awer och iwwert d’PCR-Tester an d’Interpretatioun vun den Testresultater.

Bei der Annonce vun den aktuelle Moossnamen haten de Premierminister Bettel an d’Madamm Gesondheetsminister Schwieregkeeten, de partielle Lockdown ze erklären. De Premier huet zouginn, datt den Horesca-Secteur keen Hotspot ass, an d’Madamm Lenert huet erkläert, et géif keng wëssenschaftlech Basis fir hir Decisioun, Caféen a Restauranten zouzemaachen, ginn.

D’nämmlecht Klack huet och en Expert, Virolog aus dem Luxembourg Institute of Health (LIH), de 26. November 2020 um RTL Radio gelaut. Hien erkläert, datt der Regierung déi néideg Detailer feelen, fir hir Moossnamen a Restriktiounen ze rechtfäerdegen. Fir den Expert ass net ze verstoen, wat eng Ausgangsspär brénge soll a firwat den Horesca-Secteur esou streng gehandhaabt gëtt. Hien ënnersträicht, et misste kloer Recherchen a genee Statistiken doriwwer ginn, wou an ënner wat fir Ëmstänn déi meescht Infektioune geschéien. Dëst misst aus dem Tracing ervirgoen, wou et wichteg wier, d’Leit representativ ze erreechen. 50 Prozent vun den Infektioune sinn awer net méi ze retracéieren.

Wéi wëllt d’Regierung do raisonnabel an adequat Moossname beschléissen?

Dat ass ee vun de Grënn, firwat d’ADR sech kloer géint all d’Covid-Gesetzer ausgeschwat an dës net matgedroen huet. D’ADR gesäit kee Sënn an enger Ausgangsspär a fënnt de partielle Lockdown am Horesca-Secteur net gerechtfäerdegt. Déi aktuell Moossname féieren, ënner anerem, zu vill Kuerzaarbecht. D’ADR setzt sech dofir an, datt déi betraffe Leit, eng Lounentschiedegung zu 100 Prozent kréien.

ADR-Pressematdeelung vum 1. Dezember 2020

 

Deel dëse Post: