Monument fir Spuniekämpfer? Parlamentaresch Froen a Kommissiounssëtzung néideg!

D’Fro vun engem Monument fir d’Spuniekämpfer war an de leschten Deeg nees eng Kéier an der Aktualitéit, nodeems d’Iddi lancéiert ginn ass, eng Plack um Monument vun der Gëlle Fra unzebréngen. De Fred Keup huet zwou Froe gestallt fir de geschichtleche Kontext vum spunesche Biergerkrich an d’Lëtzebuerger Bedeelegung besser ze verstoen. Hei koum et jo op béide Säiten zu Massakeren an d’Fro geet och drop an, ob Lëtzebuerger un esou Verbrieche bedeelegt waren. Well d’Äntwert éischter evasiv war, huet de Fred Keup nach eemol nogefrot. De Sujet schéngt dem Premierminister net ze gefalen, well déi zweet Äntwert gëtt keng Detailler a fällt nawell zimmlech kuerz ugebonnen aus.

De Premierminister Xavier Bettel huet d’Fro, ob eng Plack um Monument vun der Gëlle Fra un déi Lëtzebuerger Spuniekämpfer soll erënneren, net beäntwert, mee un de Kommitee fir d’Memoire vum Zweete Weltkrich weiderginn. An och hei ass d’Äntwert net eestëmmeg gewiescht. Fir d’Positioun vun der Regierung ze ergrënnen, huet de Fernand Kartheiser elo verlaangt, datt de Premier Bettel sech virun der Institutiounekommissioun vun der Chamber erkläert.

Deel dëse Post: