Montenegro – Spillball vu China?

Mat der sougenannter „New Silk Road“ bitt China klenge Länner, och an Europa, grouss Investitiounen. Finanzschwaach Länner riskéieren awer doduerch hir finanziell Onofhängegkeet ze verléieren. Am EU-Bäitrëttsland Montenegro finanzéiert China eng Autobunn vun iwwer 1 Milliard Euro. Well Montenegro dës Scholden net zréckbezuele kann, huet sech d’Regierung vum klenge Balkan-Land un d’EU adresséiert, fir gehollef ze kréien. D’EU huet awer signaléiert, datt si net bereet wier, Drëttstaate beim Bezuele vu Scholden ze hëllefen. Wéi steet Lëtzebuerg zu dëser geopolitescher Entwécklung?

Deel dëse Post: