Mobilfunkmast mat feelerhafter Geneemegung zu Haler?

Zu Haler gouf en 42 Meter héije Mobilfunkmast op knapp 200 Meter Entfernung vun engem Wunngebitt gebaut. Déi betraffe Bierger goufen am Virfeld no eegener Ausso net am gesetzlech virgeschriwwene Mooss informéiert a viru vollendet Tatsaache gestallt. Mëttlerweil stellen sech allerdéngs seriö Froen, ob de Projet iwwerhaapt ënnert där aktueller Form hätt dierfe geneemegt ginn. D’ADR-Ostdeputéiert Lexy Schoos gräift déi Froen op an intervenéiert bäi der Regierung:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Aarbechtsminister an den Här Ëmweltminister weiderzeleeden.

Esou wéi et am Artikel “Unsere Bürgerrechte wurden ausgehebelt: Streit um Mobilfunkmast eskaliert”, deen de 14. Abrëll am Lëtzebuerger Wort publizéiert gouf, ze liesen ass, gouf zu Haler an der Gemeng Waldbëlleg eng Mobilfunkanlag op Basis vun enger méiglecherweis feelerhafter Geneemegung erriicht. Déi aktuell éischt vun insgesamt zwielef Antennen déi nach solle gebaut ginn, kënnt op eng Leeschtung vun 2495 Watt. Ënner 2500 Watt mussen déi betraffe Bierger just informéiert, awer net ugehéiert ginn. Esou wéi et am Artikel duergestallt gëtt, louchen dem Ëmweltministère awer d’Pläng vir, aus deene kloer ervirgeet, datt et sech nëmmen ëm déi éischt Etapp vun engem vill gréissere Gesamtprojet handelt.

Och eng Kommodo-Geneemegung vun der Klass 3 schreift allerdéngs eng kloer a visibel Informatioun vun de betraffene Bierger vir. Och dat ass dësen hiren Aussoe vis-à-vis vum Lëtzebuerger Wort no net geschitt. Des Weidere fäerten si och negativ Auswierkungen op d’Wäertentwécklunge vun hiren Haiser, hir perséinlech Gesondheet an déi lokal Tourismuswirtschaft. Duerch de Projet sinn eng Rei Parkplaze laanscht den Ausgangspunkt vu verschiddene Wanderweeër am Mëllerdall verschwonnen.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

  • Wéi steet d’Regierung zu deenen am Artikel genannte Virgäng?
  • Wéi begrënnt d’Regierung déi Decisioun hei eng Kommodo-Geneemegung vun der Klass 3 auszestellen, obwuel dem Artikel no gewosst ass, datt et sech nëmmen ëm eng éischt Etapp vun engem gréissere Projet handelt?
  • Gi potenziell weider Geneemegunge fir spéider Anlagen automatesch am Kader vum Gesamtprojet gekuckt, fir ze vermeiden, datt déi eenzel Antennen jeeweils ënnert de Grenzwäert vun 2500 Watt falen, obwuel se an der Kombinatioun insgesamt wäit doriwwer erausginn?
  • Op wéi eng Manéier goufen d’Aussoen zu der Leeschtung vun der Anlag, déi den Demandeur eragereecht huet, an déi just op der Grenz tëschent zwou ënnerschiddleche Geneemegungskategorië louchen, iwwerpréift?
  • Loossen déi Aussoe vun de betraffene Bierger, wouno si net esou wéi virgeschriwwen informéiert goufen, sech onofhängeg iwwerpréiwen? Falls jo, kann doraus eng potenziell Annuléierung vun der Geneemegung ervirgoen, falls déi Virwërf bewise ginn? Falls nee, ass un eng strukturell Upassung vun de Kontrolle geduecht, fir esou Fäll wou Ausso géint Ausso steet, an Zukunft ze vermeiden?
  • Wéi eng Impaktstudien iwwert d’Auswierkung op d’Gesondheet, den Tourismus an d’Ëmwelt huet den Demandeur am Kader vun der Geneemegungsprozedur misse virleeën?

 

Deel dëse Post: