5G ass grad wéi 3G a 4G mat Gesondheetsrisike verbonnen. Dat hunn Déiereversich an Etüde beim Mënsch gewisen. D’Fakte fir dat ze beleeën sinn deels limitéiert zefriddestellend beim Mënsch mee ausräichend zefriddestellend bei Labo-Versich mat Déieren. Doraus geet erfir datt d’Fruchtbarkeet negativ duerch déi Radiostrale beaflosst gëtt an datt dës kriibserreegend sinn. Och Auswierkungen op d’DNA goufe festgestallt. Iwwer 9.000 wëssenschaftlech Etüden huet de Recherche-Büro vum europäesche Parlament analyséiert fir zu deene Conclusiounen ze kommen. Nach net genuch erfuerscht sinn déi nei, vill méi héij Frequenzberäicher vu 5G, déi zur Zäit nach net genotzt ginn, kritiséieren d’Auteure vun der Etüd (an englescher Sprooch), déi dir hei fannt. Schonn 2011 hat d’Europaparlament grouss Etüden iwwer Gesondheetsrisike bei der Radiostralung gefuerdert. D’europäesch Kommissioun hirersäits verfollegt eng aggressiv Pro-5G-Politik.
Op Grond vun dëser Etüd huet de Fernand Kartheiser, net fir d’éischt, an enger parlamentarescher Fro de Gesondheetsrisiko vun de Radiostralen ugeschwat.
Fro
De Service fir déi wëssenschaftlech Recherche vum Europaparlament (EPRS) huet am Juli 2021 eng Etüd iwwert de Gesondheetsimpakt vu 5G presentéiert, déi elo eréischt hire Weean déi sozial Medie fonnt huet. Et ass eng Auswäertung vun iwwer 9.000 wëssenschaftleche Studien zu dësem Thema. Behandelt ginn deen aktuelle Frequenzberäich fir mobil Telephonie (3G, 4G a 5G) an –separat- dee vill méi héichfrequente Beräich, dee 5G an Zukunft ofdecke soll. D’Conclusioune sinn dës: am héichfrequente Beräich, deen an Zukunft soll bei 5G agesat ginn, gëtt et nach keng Daten oder Studien, déi adequat sinn. Am Frequenzberäich, deen haut vun der mobiler Telephonie genotzt gëtt, beleeë Studien um Mënsch begrenzt (limited evidence), datt dës Strale Kriibs erreege kënnen esou wéi d’Fruuchtbarkeet vun der Fra an d’Entwécklung vum Kand am Mammebauch beaflosse kënnen. D’Studie beleeën genuch (sufficent evidence), datt d’Fruuchtbarkeet vum Mann erofgesat gëtt. Studien um Déier si méi eendeiteg: hei ass och de Beweis vun der Kriibs-Erreegung méi däitlech.
An dem Kontext, wéilt ech dës Froen un den Här Kommunikatiounsminister, d’Madamm Gesondheetsminister an den Här Bausseminister riichten:
- Huet dës Meta-Etüd Konsequenzen op d’5G-Strategie vun der Regierung? Wa jo, wéi eng?
- Ass d’Regierung bereet, fir sech an der EU fir méi streng Normen anzesetzen?
- Ass d’Regierung bereet fir Solutiounen ze ënnerstëtzen, déi méi op fix Glasfaser-Netzer setzen?
- Ass d’Regierung bereet fir wëssenschaftlech Fuerschung ze ënnerstëtzen, déi de Gesondheetsrisiko vun den héije 5G-Frequenzen zum Objet huet?
Äntwert
Äntwert vum Kommunikatiouns- a Medieminister, Xavier BETTEL, vun der Gesondheetsministesch, Paulette LENERT, a vun der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Joëlle WELFRING, op d’parlamentaresch Fro n°7480 vum 18. Januar 2023 vum honorabelen Deputéierte Fernand KARTHEISER zum Sujet “Étude sur l’impact de la 5G sur la santé du service de recherche du Parlement européen”
- Huet dës Meta-Etüd Konsequenzen op d’5G-Strategie vun der Regierung? Wa jo, wéi eng?
D’Wuel vun de Bierger ass ee wichtege Pilier vun der 5G-Strategie. Dofir applizéiert Lëtzebuerg weiderhin de “principe de précautioun”, dee beim Deploiement vu mobile Kommunikatiounsreseauën derfir suergt, dass d’Expositioun esou niddereg wéi méiglech gehale gëtt. Fir den Deploiement vun der 5G-Technologie gëllen dofir genee ewéi bei de Generatioune virdru weiderhi virsiichteg Grenzwerter. Déi an der Strategie ernimmten transparent Informatioun fir d’Bierger gëtt weider gefouert, notamment an der Kommunikatioun iwwert déi verschidde Pilotprojeten an där och d’Grenzwerter thematiséiert ginn.
Der Regierung ass déi genannte Meta-Etüd bekannt. Am Kader vun der „Commodo“-Legislatioun gëtt an den individuelle Betribsgeneemegunge fir all eenzel Mobilfunkantenn de „principe de précaution“ applizéiert. Dëst féiert zu niddrege Werter fir dat globaalt elektrescht Feld, dat vun deenen Antennen ausgeet. Bis ewell goufen iwwer 700 Miessunge vum elektresche Feld hei zu Lëtzebuerg gemaach. Et as also deemno genee dokumentéiert datt 100% vun de Miesswerter ënnert 1% vu dem europäeschen Referenzwerter leien an dass 80 % vun all de Miessungen, déi bis ewell gemaach gi sinn, een elektrescht Feld vu suguer manner wéi 1 V/m opgewisen hunn. Dëst as also däitlech ënnert dem europäesche Referenzwert vu 36 V/m bei der Frequenz vu 700 MHz a vun 61 V/m bei der Frequenz vun 3,6 GHz. Déi am Kader vum „principe de précaution“ getraffe Mesuren droen de Recommandatioune vun der Meta- Etüd haut scho Rechnung, deemno ass eng Adaptatioun vun der haiteger Approche am Moment net virgesinn.
Am Beräich vun der perséinlecher Präventioun réit de Gesondheetsministère weiderhin zu engem responsabelen Ëmgang mat “Wireless”-Technologien, fir d’Expositioun vum Bierger vis-à-vis vun elektromagnéitescher Stralung esou geréng wéi méiglech ze halen. Zousätzlech Berodungsaktioune fir de Bierger zu dësem Thema ze informéieren an ze sensibiliséiere ginn dozou ausgeschafft.
2. Ass d‘Regierung bereet, fir sech an der EU fir méi streng Normen anzesetzen ?
Déi europäesch « Recommandation du Conseil du 12 juillet 1999 relative à la limitation de l’exposition du public aux champs électromagnétiques de 0 Hz à 300 GHz » (1999/519/EU) gëtt maximal Werter un, fir de Schutz vun der Populatioun vis-à-vis vun elektresche Felder ze garantéieren. Déi Referenzwerter ginn a Funktioun vun der Frequenz gerechent. Bei der 5G-Frequenz vu 700 MHz ass e Referenzwert vu 36 V/m applicabel a bei der 5G-Frequenz vun 3,6 GHz gëllt e Referenzwert vun 61 V/m.
Sollt op europäeschem Plang a wëssenschaftlechen Diskussiounen iwwert nei méi niddreg Grenzwerter debattéiert gëtt, ka Lëtzebuerg seng Experienzen am Kader vun der Uwendung vum “principe de précaution” mat afléisse loossen.
3. Ass d ‘Regierung bereet fir d ‘Solutiounen ze ënnerstëtzen, déi méi op fix Glasfaser Netzer setzen ?
Am Kader vun der Strategie “ultra-haut débit” vun der Regierung1 gëtt genee dat schonn zënter Jore promouvéiert. Nom Motto “Une connectivité performante pour tous” soll all Bierger iwwer en Uschloss verfügen, mat deem och zukünfteg digital Applikatiounen problemlos iwwert fix Netzer genotzt kënne gin, dëst duerch den Ausbau vum Glasfaser- a Koaxnetz, duerch déi ee grousse Volume vun Donnéeën kann iwwerdroe ginn.
Fir d’Expositioun am Sënn vum “principe de précaution” esou niddereg wéi méiglech ze hale, réit de Gesondheetsministère prinzipiell zur Notzung vu kabelgebonnenem Internet, iwwerall do wou et technesch méiglech an ëmsetzbar ass.
4. Ass d’ Regierung bereet fir wëssenschaftlech Fuerschung ze ënnerstëtzen, déi de Gesondheetsrisiko vun den héije 5G – Frequenzen zum Objet huet ?
D’Fuerschung an deem Beräich kann ee graff an zwou grouss Kategorien ënnerdeelen. Déi éischt Kategorie dréint sech ëm d’Fuerschung iwwert de potentiellen Impakt op Mënsch an Natur. Esou Etude si komplex an opwändeg, a ginn am internationalen Kontext bedriwwen. D’Regierung as dëse Fuerschunge géigeniwwer ganz oppen agestallt. Déi zweete Kategorie vu Fuerschungen dréint ëm d’Kontroll vum Anhalen vun de bestehende Grenzwerter. Hei huet d’Regierung zwee Projeten vum LIST an vun der Uni.lu ënnerstëtzt, déi Miessungen am aktuell hei zu Lëtzebuerg deploiéierten Frequenzberäich bedreiwen. Déi aktuell Resultater weisen, dass d’Grenzwerter och am 5G agehale ginn. Selbstverständlech as d’Regierung oppe fir all Fuerschungsprojet, deen och déi méi héich 5G-Frequenzen zum Objet huet.