Misär ouni Enn bei ProActif?

D’Beschäftegungsinitiativ ProActif kënnt säit der Entloossung vun hirem Direkter Ufanks Februar net méi aus de Schlagzeilen. Legal Dispositioune schéngen och weiderhi reegelméisseg ignoréiert ze ginn, wärend ëmmer Hiweiser op Interessekonflikter a wou méiglech Korruptioun am Raum stinn. Just d’Steiersue fléisse monter weider. U sech kéint den Aarbechtsminister Georges Mischo fir Kloerheet suergen, mee dee verstréckt sech a Widderspréch a stécht de Kapp an de Sand. Wéi laang wëll hien d’Vertraue vun der Ëffentlechkeet nach verspillen?

Méi zum Thema

Deel dëse Post: