Minister Meisch: Lëtzebuergesch ass irrelevant! [Videoen]

D’ADR war de 14. Juni an der Chamber frou, datt d’Konditiounen vun de Chargés d’Education mat engem Gesetz verbessert gi sinn. Net averstan war eis Partei awer mat enger Klausel, déi an deem Gesetz mat sollt ënnergejubelt ginn an déi seet, datt e Chargé nëmmen zwou vun de Lëtzebuerger Sproochen muss kënnen. D’ADR wollt dofir an engem getrennte Vote hiren Désaccord mat deem Artikel an duerno hiren Accord mam Gesetz ausdrécken. Fir déi Ufro ze stellen, huet hir awer eng Ënnerschrëft gefeelt. Déi Lénk haten wéi üblech gehollef, mä de Gast Gibéryen war op Déngschtrees fir d’Parlament. A vu 55 Deputéierten vun CSV, Déi Gréng, DP an LSAP huet keen et der Méi wäert fonnt, der ADR reng formell ze hëllefen. Mam Resultat, datt eis Partei e Gesetz, wat si a groussen Deeler ënnerstëtzt, wéinst därer Sproocheregelung am Interessi vun de Kanner an den Elteren net matstëmme konnt.

Alt nees eng Kéier gouf déi vergëften Atmosphär mat der Regierung däitlech, wéi de Fernand Kartheiser duerno de Schoulminister Meisch gefrot huet, wat fir eng Roll d’Lëtzebuergescht an der Schoul géing spillen. D’baupseg Äntwert: Eis Sprooch ass irrelevant, mengt den Här Minister (Video, 45”). Abee merci!

Deel dëse Post: