Minister Asselborn nees ferm deplacéiert?

De 5. Oktober 2019 organiséiert de « Comité pour une Paix juste au Proche Orient » (CPJPO) zesumme mat aneren Organisatiounen e Symposium an der Abtei Neimënster zum Thema « Quel futur pour les Palestiniens et Israéliens? Suwuel de CPJPO, wéi och sämtlech aner Organisatiounen engagéieren sech fir d’Campagne BDS. Dës Campagne huet den däitsche Bundestag nach viru Kuerzem – de 17. Mee 2019 – mat dëse Wierder veruerteelt:

Die Argumentationsmuster und Methoden der BDS-Bewegung sind antisemitisch. Die Aufrufe der Kampagne zum Boykott israelischer Künstlerinnen und Künstler sowie Aufkleber auf israelischen Handelsgütern, die vom Kauf abhalten sollen, erinnern zudem an die schrecklichste Phase der deutschen Geschichte. „Don’t Buy“-Aufkleber der BDS-Bewegung auf israelischen Produkten wecken unweigerlich Assoziationen zu der NS-Parole „Kauft nicht bei Juden!“ und entsprechenden Schmierereien an Fassaden und Schaufenstern.

“Welcome-Speaker” ass keen aneren ewéi de Jean Asselborn. Ferm deplacéiert? De Fernand Kartheiser well eng Stellungnam, esouwuel vum Bausseminister, ewéi och vum Staatsminister.

Skandaléis: De Jean Asselborn entzitt sech senger Verantwortung: Dës ass kee Symposium, wou een palestinensesch israeleschen Dialog gefouert gëtt, mee en Zesummeschloss vun Organisatiounen, déi ganz eesäiteg de BDS-Mouvement ënnerstëtzen.

Deel dëse Post: