Minister Asselborn: Deplacéiert … wéi gewinnt!

Diplomatie ass net dem Bausseminister Asselborn seng Stäerkt, wat hie jo a reegelméissegen Ofstänn demonstréiert. Hien huet den amerikanesche President kierzlech als „Verbriecher“ bezeechent wourops de Bausseminister vun den USA e Besuch zu Lëtzebuerg soll ofgesot hunn.

Dat widderhuelt deplacéiert a respektloost Behuele vum Minister Asselborn géigeniwwer anere Länner, hirer Regierung a Mandatsträger, ka sech ganz seriö op d’international Bezéiunge vu Lëtzebuerg auswierken. Den ADR Deputéierte Fernand Kartheiser wëllt an enger dréngender parlamentarescher Fro wëssen, wéi d‘Regierung dozou steet. D’Drénglechkeet ass awer net unerkannt ginn.

D’Regierung gesäit kee Problem, wëllt awer trotzdeem net esou richteg op all Fro äntwerten.

 

Deel dëse Post: