Milliounen Euro aus der Fënster gehäit!

An der Chamber gouf den 28. Mäerz iwwert en Accord mat Litauen ofgestëmmt, deen eis am beschte Fall 21 Milliounen Euro kascht, am schlëmmste Fall 52,5 Milliounen Euro. Et gëtt de Leit gesot, eist Land géif erneierbar Energien an Estland a Litauen kafen. Fakt ass: Lëtzebuerg keeft genau 0% erneierbar Energien aus deene Länner (Extrait 0’52”). Et handelt sech just ëm en Transfer statistique, eng Aart modernen Ablasshandel, deen iwwerhaapt keen Afloss huet op de Stroummix aus dem Lëtzebuerger Stecker. Et handelt sech em e reng ideologesche Projet vun der Regierung, déi kee Problem domat huet, fir onsënneg Projete Geld mat der Géisskan ze verdeelen, op der anerer Säit awer substantiell Aspuerungen am soziale Beräich virhëlt. Kommen elo och nach déi vill energieintensiv Betriber wéi Google op Lëtzebuerg, da stellt sech d’Fro, mat wéivill Milliounen Euro mir eis dann eréischt fräikafe mussen; eng Rechnung, déi Gambia léiwer net uschwätzt! Vill Geld fir waarm Loft! (Extrait 1’52”).

 

Deel dëse Post: