Militärfliger: méi deier, méi spéit?

D‘Problemer ronderëm de Militärfliger A400M gi weider. Et ass gewosst, datt Lëtzebuerg och esou e Fliger bestallt huet.

Fachzäitschrëfte mellen, datt Airbus e “Schema” ausgeschafft hätt, fir mat de Clienten – also och mat Lëtzebuerg – en Akkord ze fannen. Dowéinst wär et och e Méindeg, de 5. Februar, zu London zu enger Reunioun komm. Gëtt den Airbus A400M fir Lëtzebuerg méi deier? Kënnt e méi spéit?
Dëst wëll den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser iwwer de Wee vun enger parlamentarescher Fro erausfannen.

Deel dëse Post: