Migratiounskris a Wunnengsmaart

E Regierungsprogramm soll de Migranten hëllefe fir Wunnengen an de Gemengen ze fannen. D’Lag um Wunnengsmaart war schonns virun der Migrantekris ugespaant a vill Awunner am Land hu Schwieregkeete fir eng fir se adequat Wunneng ze fannen. De Programm vun der Regierung soll deemno och Stéit vu Lëtzebuerg zegutt kommen, déi scho laang eng Wunneng sichen. Dat geet aus der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser erfir. Hei gëtt och kloergestallt, datt d’Offer fir d’Migranten nëmmen a Fro kënnt, wa se schonn de Statut als Refugiee hunn, hiren Dossier also akzeptéiert ginn ass.

Deel dëse Post: