Mëttelstand a Gefor: e Beispill fir en Europa, dat net sozial ass!

D’ADR hëlt mat Bestierzung zur Kenntnis, datt d’Iwwerliewe vun de klenge Geschäfter à terme duerch e rezent Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff a Gefor geréit. D’Verbuede vun der „vente à perte“ ausserhalb vun de Solde gëtt a Fro gestallt, an dëst huet ouni Zweifel desastréis Reperkussiounen op de Lëtzebuerger Mëttelstand. Dëst ass nees e Beispill, datt Europa sech ëm Saache bekëmmert, déi besser national sollen entscheet ginn. Dowéinst verlaangt d’ADR, datt nees méi Kompetenzen un d’Memberstaate  transferéiert ginn.

Kierzlech ass um Europäesche Geriichtshaff en Uerteel gesprach ginn, dat déifgräifend, a wahrscheinlech souguer desastréis, Konsequenze fir de Lëtzebuerger Mëttelstand huet. Et gouf festgehalen, datt d’Geschäftsleit d’Recht hunn, Wueren ënnert dem Akafspräis ze verkafen. An deene meeschte Länner, an och zu Lëtzebuerg, ass dës Praktik nëmme während de Solden erlaabt. Esou eng zäitlech Begrenzung um nationale Plang géif awer géint d’EU-Recht verstoussen a gëtt elo a Fro gestallt.

Den Europäesche Geriichtshaff interpretéiert an dësem spezifesche Fall eng Direktiv aus dem Joer 2005 (directive 2005/29/CE relative aux pratiques commerciales déloyales des entreprises), déi och vun de Lëtzebuerger Politiker matgedroe ginn ass an hei schonns an d‘nationaalt Recht ëmgesat gouf. Mam rezenten Uerteel steet à terme d’Iwwerliewe vun de klenge Geschäfter – an domadder och e Standbeen vun eiser Economie an eng sëllech Aarbechtsplazen – um Spill.

D’ADR ass der Meenung, datt dëst e perfekt Beispill ass vu Decisiounen, déi an déi national Kompetenz gehéieren. Et geet net duer, esou wéi et d’Mëttelstandsministesch gemaach huet, d’Situatioun elo ze bedaueren a sech driwwer besuergt ze weisen; et musse konkret Schrëtt ënnerholl ginn, fir d’Lëtzebuerger Geschäftsleit virun esou engem Onsënn ze schützen.

D’ADR verlaangt, iwwert dëse spezifesche Punkt eraus, eng Ofännerung vum Lissabonner Vertrag an en Transfer vu vill méi Kompetenzen un d’Memberstaaten.

D’Europäer brauchen en Europa vun den Natiounen, dat zu Lëtzebuerg eleng vun der ADR verdeedegt gëtt!

Deel dëse Post: