Mëssbrauch vun der Sous-Locatioun: Eng Realitéit zu Lëtzebuerg!

Oft ginn d’Proprietären net gewuer, wann de Locataire eng Sous-Locatioun zouléisst. Dësen illegalen Akt gëtt méi oft ewéi geduecht zu Lëtzebuerg duerchgezunn. Wéi kann de Proprietär sech do iwwerhaapt wieren ? De Fernand Kartheiser freet no.

FRO

Ofgesi vun eventuellen explizitten Dispositiounen am Mietvertrag, deen d’Rechter vum Locataire ewéi och déi vum Proprietär festhält, gëtt et bei enger Sous-Locatioun keng explizitt legal Flicht fir de Locataire, fir dem Proprietär esou en Arragement matzedeelen. De 17. Juni 2021 huet de Logementsminister op Nofro vum „L’essentiel“ am Artikel „La sous-location engendre parfois des litiges“ erkläert, datt d’Prozedur vun der Sous-Locatioun autoriséiert ass, mee datt d’Gesetz keng „conditions particulières“ virgesäit. An deem Artikel gëtt och gesot, datt ganz heefeg de Proprietär keng Informatiounen doriwwer kritt, wann him seng Proprietéit vum Locataire weiderverlount gëtt. Et steet och do, datt et virkënnt, datt d’Locataireen, ouni d’Wësse vum Proprietär, vu Lëtzebuerg aus oder aus dem Ausland an eventuell och mat Hëllef vun enger App ewéi z.B. Airbnb, kënnen „contrats de sous-location“ redigéieren an ofschléissen. Déi betraffe Sous-Locatairen hunn dann dacks d’Impressioun, datt si mam Proprietär a Kontakt waren, wat awer net de Fall ass. Et gëtt also eng Rei vu Méiglechkeeten, fir am Kader vu Sous-Locatiounen an abusiv Situatiounen ze kommen.

Net nëmmen de Proprietär, mee och de Staat an d’Gemengen hunn en evidenten Intressi dorun, ze wëssen, wien, wéini a wou wunnt.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  • Iwwert de Wee vun der Sous-Locatioun kann et zu Situatioune kommen, wou de Proprietär net weess, wien a senger Proprietéit wunnt, a gläichzäiteg keng Kontrollméiglechkeet huet. Ass d’Regierung der Meenung, datt e Proprietär muss allzäit dat Recht hunn, ze wëssen, wien iwwert de Wee vun enger Sous-Locatioun a senger Proprietéit wunnt? Wa jo, misst net eng gesetzlech Flicht ageféiert ginn, déi de Locataire géing forcéieren, dem Proprietär all Sous-Locatioun bannent engem kuerzen Delai ze notifizéieren, esouwäit de Mietvertrag dës iwwerhaapt erlaabt?
  • Misst e Proprietär net zu all Abléck kënnen op der Gemeng en Extrait vum Umeldungsregëster kréien, deen opweist, wéi eng Persounen a senger Proprietéit ugemellt sinn? Dëst géing dem Proprietär eng Kontrollméiglechkeet ginn. Misst et also net eng gesetzlech Basis ginn, fir datt den Dateschutz dem Proprietär net kann opposéiert ginn, esou wäit et em seng eege Proprietéit geet?
  • Fir all Mëssbrauch ze verhënneren:
  • Missten d’Gemengen net bei enger Sous-Locatioun automatesch de Mietvertrag tëschent dem Proprietär an dem Locataire virgeluecht kréien, fir datt d’Gemeng ka verifizéieren, ob eng Sous-Locatioun iwwerhaapt vum Proprietär vertraglech autoriséiert ass?
  • Missten d’Gemengen net och eng Notifizéierungsobligatioun kréien, fir dem Proprietär matzedeelen, wien a senge(r) Proprietéit(en) ugemellt ass oder am leschten, consideréierten Notifizéierungszäitraum do ugemellt war (z.B. eemol pro Joer)?
  • Et schéngt jo esou ze sinn, datt heiansdo eng verhältnisméisseg grouss Zuel vu Persounen eng Sous-Locatioun an engem Studio oder engem ganz klengen Appartement kontraktéieren a bei hirer Umeldung uginn. Missten d’Gemenge bei enger Sous-Locatioun net iwwerpréiwen, ob déi concernéiert Proprietéit iwwerhaapt grouss genuch fir déi concernéiert Zuel vu Persounen ass?
  • Weider, fir all Mëssbrauch ze verhënneren, wär et sënnvoll, Méiglechkeeten ze hunn, fir d’Postadresse mat den Umeldungsadressen ofzegläichen. Dat kéint op eng Manéier organiséiert ginn, déi den Dateschutz respektéiert awer och erlaabt, eventuell Ongereimtheeten oder kloer Mëssbrauchsfäll un déi zoustänneg Autoritéite weiderzeginn. Wann d’Rechter vum Proprietär beréiert sinn, misst natierlech och hie kënnen informéiert ginn. Kéint d’Regierung sech virstellen, de Proprietären et ze erméiglechen, esou en Ofgläich unzefroen an och esou e Mechanismus ze organiséieren?

Hei fannt Dir d’Äntwert vun der Regierung.

Deel dëse Post: