Message vum Nationalpresident Fernand Kartheiser

Et kann een zu der ADR stoen, wéi ee wëll, mä op zwee Punkten ass sech awer bestëmmt jiddfereen eens:

eis Partei steet fir aussergewéinleche Courage a fir onerwaartenen Erfolleg.

Ouni de Courage vun e puer Leit wär d’ADR ni entstan. Leit wéi de Gast Gibéryen, de Roby Mehlen a vill anerer hu munches riskéiert, wéi si 1987 en Aktiounskomitee gegrënnt a sech fir hir Iddien, besonnesch fir d’Opbesserung vun de Renten am private Secteur, ëffentlech engagéiert hunn. Datt den Asaz, dee si gewisen hunn, no zwielef, dacks schwéiere Joren, zum Erfolleg geféiert huet, huet a behält e virbildleche Charakter an der Politik. Och haut nach ka sech jiddfereen, dee sech wëll fir eng besser Gesellschaft asetzen, un hirem Beispill inspiréieren.

Datt no 1999 dësen Aktiounskomitee weider bestanen huet a sech bis zum Kongress am Joer 2006 zu enger vollwäerteger politescher Partei weiderentwéckelt huet war sécher onerwaart. Mä iwwer zwanzeg Joer ganz aktiv Präsenz an der Chamber, mat bis zu siwen Deputéierten, weisen, datt d’ADR eng wichteg Plaz an der politescher Landschaft ausfëllt an datt en onverännert staarken an objektive Besoin fir dës Partei besteet. D’Wieler vun der ADR kommen haut aus alle soziale Schichten an aus alle Beruffsgruppen. D’Konflikter aus der Ugangsphas hu mir scho laang hannert eis gelooss.

D’ADR ass eng Partei, déi hirem sozialen Engagement trei bleift, fir de liberalen, fräiheetleche Rechtsstaat an eng Stäerkung vun eisen demokrateschen Institutiounen antrëtt an a gesellschaftspolitesche Froe wäertorientéiert denkt. Si ass eng Partei, déi zu eisem Land, sengen Intressien a senger Sprooch steet. Si steet fir en Europa vun de Natiounen. Si trëtt fir eng wierklech Integratioun vun eisen auslännesche Matbierger an. Um internationale Plang huet d’ADR hiert Doheem an der Allianz vun den europäeschen, konservative Parteie fonnt.

D’ADR bleift als Partei hirer Traditioun vu Courage trei. Si ass keng Partei, déi dem Zäitgeescht noleeft, déi bockelt oder sech dauernd béit a verbéit fir deenen ze gefalen, déi grad d’Soen hunn. Neen, mir triede fir bleiwend Wäerter an. Wee sech an der ADR engagéiert, weess, datt hien net den einfache Wee gewielt huet, mä awer den opriichtege Wee.

Als President sinn ech houfreg op dës Partei! All deenen, déi si gegrënnt, ënnerstëtzt a geformt hunn, soen ech en häerzleche Merci. Mat hiren iwwer 2.000 Memberen zielt d’ADR haut zu de groussen an etabléierte Parteien am Lëtzebuerger Land. An der Nofolleg vun eise Presidenten Gast Giberyen, John Bram a Roby Mehlen an zesumme mam Generalsekretär Jean Schoos an all eise Membere wëll ech dës Partei op hir nächst 25 Joer virbereeden.

Well dës Partei huet weider 25 Joer politeschen Erfolleg méi wéi verdéngt!

Fernand Kartheiser
President vun der ADR