Merci Regierung: riicht an d’Corona-Mauer!

Wa schonn d’Lëtzebuerger Regierung monter weider adr, zitt Däitschland elo d’Noutbrems. De Fernand Kartheiser huet mat enger dréngender parlamentarescher Fro op déi wuessend Infektiounszuelen zu Lëtzebuerg an déi däitsch Moossname reagéiert. Eng ganz Rëtsch Froen, déi sech gewäsch hunn, adresséiert hien un d’Regierung. Zentral: Wéi konnt d’Lëtzebuerger Diplomatie esou versoen, datt Däitschland net d’spezifesch Lëtzebuerger Situatioun unerkennt? Ass d’Regierung iwwerrascht ginn? Wéi kréien déi Residente gehollef, déi net méi däerfen an Däitschland schaffe goen?

Mee grad esou wichteg ass d’Fro, op dat groussflächegt Testen (Large Scale Testing), dat schrecklech vill Geld kascht a bis elo soss näischt bewierkt huet wéi d’Explosioun vun den Infektiounszuelen, net besser sollt direkt agestallt ginn. A schliisslech ass do nach d’Fro vun der Transparenz: Wou klammen d’Zuelen hei am Land, wou sinn Hotspotten a sinn spezifesch Deeler vun der Bevëlkerung besonnesch betraff? Wéi soll ee sech schützen, wann d’Regierung engem net seet, wou d’Gefore leien?

Deel dëse Post: