Mëndlech Froe mat Peffer: Roy Reding iwwer Forainen a Wunnengsnout [Videoen]

Zwou mëndlech Froen huet den ADR-Deputéierte Roy Reding en Dënschdeg, de 19. Abrëll, an der Chamber der Regierung gestallt. An do war Peffer dran: Dat wusst de Minister Bausch schonn ier hie geäntwert huet. Dobäi ass et de Forainen a Maartleit net fir ze laachen.

De Roy Reding huet eng mëndlech Fro iwwer d’steierlech Mesure fir de Wunnengsmaart gestallt, wou de “Véierels-Taux” de Verkaf soll ukuerbelen. Well en awer nach net agefouert ass, blockéiert d’Ukënnegung vun därer Mesure am Ament de Wunnengsmaart. De Finanzminister äntwert dem Roy Reding. Hien hofft, datt den Taux den 1. Juli kann agefouert ginn. Wat allerdéngs e gënschtege Verkaf vun Immobilien un der niddreger Offer vu Wunnraum ännert, bleift säi Geheimnis.

Suerge mécht sech de Roy Reding iwwer d’Zukunft vu Forainen a Maartleit. Just während dem Oktavmäertchen kréie si Kontrollen ugedreet. De Grond? No enger Gesetzesännerung daarfe se net méi mat hire Persouneween hir Roulotten a Unhänger zéien. Et gëtt zwar keen, dee sech un e graven Akzident an hirem Beruffsstand erënnert mee dofir missten an Zukunft Camionetten oder Zuchmaschinnen geholl ginn. De Roy Reding erklärt zwar plausibel, viru watfir Problemer d’Forainen an d’Maartleit domat gestallt ginn mee den Transportminister kennt, wéi dat sech fir e Gambia-Minister gehéiert, keng Gnod. Och wann de Mäertchen net méi kann ofgebaut oder d’Fouer opgebaut ginn.

Deel dëse Post: