Méi Militärengagement, hannerfrot vum Fernand Kartheiser

D’Suen, déi Lëtzebuerg fir seng Verdeedegung ausgëtt an d’Roll vun eiser Arméi waren den 10. Dezember an der Chamber op der Dagesuerdnung. De Fernand Kartheiser hat heizou eng ganz Rëtsch Froen (Video, 8 Minutten 05), ugefaang bei den divergéierende Positiounen vun de Regierungsparteien. Fir säi Militärbudget bräicht ee sech net ze entschëllegen, dee wär noutwänneg, huet de Fernand Kartheiser gemengt. Mä hien huet sech gefrot, wéi d’Arméi präparéiert gëtt, datt se verstäerkt an der Opklärung mat Fligeren a Satelliten agesat wäert ginn. Den ADR-Deputéierte wollt awer och wëssen, wat d’Regierung gemaach huet, fir datt d’Lëtzebuerger Wirtschaft méi vum europäesche Verdeedegungseffort ka profitéieren. Dann huet de Fernand Kartheiser gewarnt, datt d’SES-Zentral zu Betzder iwwer eng militäresch Roll bei de Satelliten e militärescht Ziel kinnt ginn an datt hir Sécherheet misst garantéiert sinn. Weider hat den Deputéierten Bedenken bei der Art a Weis, wéi esou Projete vun der Regierung finanzéiert ginn.

Deel dëse Post: