Zënter datt net nëmmen eng Rei Organisatiounen, mä och gewësse Parteie fir d’Auslännerwalrecht bei de Chamberwale plädéieren, widderhëlt d’ADR, datt den Demokratriedefizit, deen an dem Kontext ëmmer nees gären als Argument genannt gëtt, anzwousch anescht ze sichen ass. Domadder gemengt ass ënnert anerem de ganze Fonctionnement vun der Europäescher Unioun, dee vu Grond op muss iwwerschafft ginn.

D’Federalisten, déi sech fir en Zentralstaat a fir d’Ofschafe vun der nationaler Souveränitéit an deMemberstaaten asetzen, ginn nämlech an hire Fuerderunge vun enger falscher Prämiss aus. Am Géigesaz zu deem, wat se wëlle gleewen doen, gëtt et keen europäescht Vollek (Demos), mä vill europäesch Natiounen. Déi Pluralitéit dréckt sech op verschiddenen Niveauen aus: all Memberstaat huet seng eege Kultur, seng eege Sprooch oder Sproochen, seng eege Wäerter a seng eege wirtschaftlech Interessien. D’Europäesch Unioun kann nëmmen iwwerliewen, wann där Diversitéit Rechnung gedroe gëtt – an net wann de Bierger grousseuropäesch Projeten imposéiert ginn, déi se zum groussen Deel ofleenen.

Wat bedeit dëst ganz konkret fir d’Zesummespill tëscht den 28 Memberstaaten? Wéi kann de Fonctionnement vun der Europäescher Unioun esou reforméiert ginn, datt d’Bierger nees d’Gefill kréien, hire Wëlle géif respektéiert ginn?

Et fänkt domadder un, datt mer bei europäesche Froe musse méi direkt Demokratie woen. Duerch de franséischen an holläneschen Nee zur EU-Constitutioun hunn d’Federalisten entdeckt, wéi vill méi einfach et dach ass wichteg Decisiounen iwwer aner Weeër ze huelen, wéi z.B. e Vote am Parlament, ouni datt an der Ëffentlechkeet weider iwwert Vir- an Nodeeler an iwwert méiglech Konsequenzen diskutéiert gëtt. Duerch den ireschen Nee zum Traité vu Lissabon bei der éischter Ofstëmmung huet e Land entdeckt, datt et d’Méiglechkeet huet wichteg Texter zu sengem Virdeel ze negociéieren. D’Resultat vun enger Volleksofstëmmung ass per Definitioun net virauszegesinn an et besteet deemno d’Méiglechkeet, datt et net deem entsprécht, wat sech vun deem engem oder anere Camp erwaart an erhofft gëtt. Mä wien sech als Demokrat versteet, däerf keng Angscht virum Wielerwëllen hunn a muss deen och respektéieren. Ob et sech ëm en EU-Bäitrëtt, en neien Traité, eng Upassung vun engem Traité oder d’Oftriede vu souveräne Rechter un eng EU-Institutioun handelt, d’Bierger sollen iwwert e Referendum kënnen driwwer ofstëmmen!

Instrumenter ewéi d’Europäesch Biergerinitiativ – e Petitiounssystem, wou d’Europäesch Commissioun ka gezwonge ginn, sech mat engem bestëmmten Thema ze befaassen, falls déi néideg Ënnerschrëfte virleien – stelle sécherlech e Schrëtt an déi richteg Richtung duer, mä mussen dréngend nogebessert ginn. Ze héich sinn d’Oplagen, ze komplex sinn d’Prozeduren, esou datt se nëmmen an extrem sielene Fäll zu engem konkrete Resultat féieren.

Demokratie heescht och, datt sech d’EU-Institutiounen un d’Reegelen halen. Fir d’Kompetenzen, déi net explizit der Europäescher Unioun duerch en Traité iwwerdroe goufen, musse weiderhin eleng d’Memberstaaten zoustänneg bleiwen. Esou steet an enger vun den Declaratiounen, déi den Traité vu Lissabon komplettéieren. Mat Ausnam vun der ADR wiert sech awer zu Lëtzebuerg soss keng Partei géint d’Versich vun den EU-Institutioune fir sech zum Beispill ënnert dem Virwand vun der Kris nei Pouvoiren ze ginn. Et ass an deem Kontext och ze bedaueren, datt am Kader vun den Diskussiounen, déi zu Lëtzebuerg iwwert den Text vun enger neier Verfassung gefouert ginn, den aktuellen Artikel 49bis ni zur Sprooch kënnt. En hält nämlech fest, datt d’Delegatioun vu Kompetenzen un d’EU-Institutiounen nëmmen “temporär” ass. Mat Ausnam vun der ADR wëllen all d´Parteien den temporäre Charakter vun deem Transfert aus der Constitutioun sträichen – an domadder d’Dier nach méi grouss opmaache fir en Zentralstaat.

En aneren demokratesche Prinzip, dee reegelméisseg mat de Féiss getrëppelt gëtt, ass dee vun der Subsidiaritéit. Scho laang ginn d’Decisiounen net méi esou no wéi méiglech beim Bierger geholl (z.B. an de Gemengen oder an den nationale Parlamenter), mä an iergendenger EU-Institutioun, déi sech den Interessie vun de Lobbyen ënnerwërft. D’Bestriewungen, d’Waasserversuergung ze privatiséieren, sinn nëmmen ee vu villen negative Beispiller, well d’EU sech hei an déi kommunal Autonomie amëscht.

Datt sech all d’Parteien, mat Ausnam vun der ADR, fir e federaalt Europa asetzen ass hiert gutt Recht. D’Bierger missten sech allerdéngs bewosst ginn, datt dee Modell op kee Fall mat engem demokrateschen Europa kompatibel ass – an datt hir Meenung deementspriechend nach méi am Eenheetsbräi Zentralstaat ënnergeet.

Liliana Miranda,

Generalsekretärin

Dësen Artikel ass den 3. Mee am Luxemburger Wort (Rubrik “Analyse & Meinung”) publizéiert ginn.