Méi Autonomie fir eis Bibliothekären!

Et ass net zanter gëschter, datt sech d’Bibliothekären hei am Land negativ zum Gesetz vum 24. Juni 2010 „relative aux bibliothèques publiques“ äusseren, dat hirer Meenung no autoritär a reaktionär Elementer ëmgräift, déi net méi den Ufuerderunge vun enger moderner Bibliothéik entspriechen. Vill Bibliothekäre wënsche sech an hirem Beruff eng méi grouss Autonomie wéi déi, déi hinne vun dësem Gesetz zougemooss gëtt. Dës Autonomie bezitt sech souwuel op d’Ëffnungszäite vun de Bibliothéike wéi och op d’Bicherkollektiounen. Geet d’Regierung op dës Fuerderungen an?

Deel dëse Post: