Meenungsfräiheet: e Pilier vun der europäescher Demokratie

An enger Interpellatioun schwätzt de Fernand Kartheiser de Probleemkreess vun der Meenungsfräiheet un. Och am Kontext vun de soziale Medien, awer net nëmmen, kënnt dëst Recht jo ëmmer méi ënner Beschoss. Fir eng Meenung, a sief se nach esou schlecht oder schlecht formuléiert, sinn zu Lëtzebuerg an der Lescht jo Leit zu festem Prisong verurteelt ginn.

Ouni op Eenzelfäll anzegoen oder d’Verhalen an d’Wuertwiel  vun deem engen oder aneren ze rechtfertegen, liwwert de Fernand Kartheiser eng schaarf Analys vun de Bestriewungen, d’Meenungsfräiheet ze ënnerdrécken. Hei ass de Wuertlaut vu senger Interpellatioun, bei där ee ka gespaant sinn, wéi d’Regierung hir Aktiounen well justifizéieren. Well si ass et, déi hei mat einwandfreien juristeschen Argumenter an pertinenten Iwwerleeungen zu eisem demokratesche System op d’Uklobänk gesat gëtt.

Deel dëse Post: