Meenungsfräiheet amplaz Zensur!

Natierlech ass Haass, Opruff zur Gewalt a Rassismus  net ze akzeptéieren. De Fernand Kartheiser betount a senger Interventioun vum 18. November awer och, datt een e Gläichgewiicht fanne muss tëscht engem verantwortungsvollen Ëmgank ë.a. mat de soziale Medien an der Fräiheet, seng Meenung ouni Aschränkung an ouni Sanktioune fäerten ze mussen, däerfen ze soen. Déi politesch Majoritéit däerf net d’Roll vun enger Zensur-Instanz unhuelen, déi eleng bestëmmen däerf, wou d’Meenungsfräiheet ophéiert. Lëtzebuerg huet kloer a präzis Rechtsinstrumenter, déi kënnen agräifen, wann e Rechtsbroch virleit. Et däerf an deem Sënn awer net zu Gedanken- a Gefillsverbrieche kommen, soubal eng Persoun sech subjektiv ugegraff fillt. 

Déi westlech Länner steieren den Ament op geféierlech Entwécklungen zou, wou ëmmer nei Rechtskategorie geschaaf solle ginn, fir d’Fräiheet, seng Meenung ze äusseren, anzeschränken oder – harmlos ausgedréckt – ze begleeden. D’ADR wäert dëse Wee net matgoen.

Deel dëse Post: