Regierung entzitt sech desagreabele Froen!

De Minister Jean Asselborn huet am Journal vum 22.6.2021 nees eng vu sengen onméiglechen Aussoe gemaach. Am Archiv vun RTL kann een déi Emissioun zwar nach am „Replay“ kucken, allerdéngs ass den Deel, wou den Här Asselborn sech esou deplacéiert äussert einfach erausgeschnidde ginn. Dëst wërft munch Froen op, déi de Fernand Kartheiser an enger parlamentarescher Fro ganz konkret formuléiert.

Leider goufen an der gemeinsamer „Äntwert“ vun den Häre Ministere Xavier Bettel a Jean Asselborn fënnef vu sechs Froe mat enger eenzeger Floskel ofgedoen, déi d’Froen awer guer net beäntwert huet.

D’ADR bedauert, datt d‘Regierung d’Geleeënheet net genotzt huet, fir eng kloer Stellung ze bezéien an ze weisen, datt si hir Verantwortung a Flichten eescht hëlt.

D’Regierung verdäitlecht dobäi, datt si „ouni Ofstrécher zu de Grondwaerter vun der Europaescher Unioun“ stéing. An datt dem dem Bausseminister seng Ausso: „Jo, d’UEFA ass héchstwarscheinlech e Veräin vun alen, wäisse Männer, dat sinn déi nämmlecht, déi fir de Brexit gestëmmt hunn an déi fir den Här Trump gestëmmt hunn …” Ausdrock vun dëser Positioun wieren.

D’Regierung schéngt wuel eng ganz eegen Interpretatioun vun de Grondwäerter vun der Europäescher Unioun ze hunn. Et weist awer och, datt si wuel e ganz „speziellt“ Versteesdemech fir Demokratie, Gerechtegkeet, Dignitéit, a Wäertschätzung huet.

 

Deel dëse Post: