Medezinner Beruffsverbuet?

Hei fannt Dir déi parlamentaresch Fro vun der honorabel Députéiert Alexandra Schoos.

 

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

Nom Gynekolog vun 2020 (https://www.rtl.lu/news/national/a/1891579.html) hu mir elo den onéierlechen Zänndokter (https://www.rtl.lu/news/national/a/2161011.html), dee säin Onwiesen zu Lëtzebuerg gedriwwen huet. Béid Medezinner kruten a Frankräich hir Zouloossung entzunn. Am Kader vun dëser Thematik hat déi deemoleg Gesondheetsministesch Paulette Lenert de 24. Mäerz 2022 op d’parlamentaresch Fro N°5793 vum honorablen Deputéierte Sven Clement geäntwert:

“Den Gesondheersministère huet effektiv, déi an der Äntwert op d’Fro 2979, ugedeiten Analyse ofgeschloss. D‘Konklusioun dovun ass, datt dat ofgeännert Gesetz vum 29. Abrëll 1983 iwwer den Exercice vun den Medeziner, Zänndokter an Vétérinaire ugepasst muss ginn, fir eng nei gesetzlech Regel anzeféieren. Dës Regel gouf virgesinn dat, am Fall wou eng Persoun déi zu Lëtzebuerg eng Zouloossung an engem vun deenen dräi Beruffer huet, an an engem aneren Land eng Strof géint dës gesprach ginn ass am Kader vun där hier Zouloossung suspendéiert ginn ass, verléiert sie hier Recht zu Lëtzebuerg z’exercéieren, fir déi selwecht Periode. Am Kader vun enger nächster Upassung vum uewegenannten Gesetz vun 1983, géif eng Bestëmmung an deem Sënn mat afléissen.”

Momentan läit de Gesetzesprojet 8013, deen eng Ännerung vum betreffende Gesetz vum 29. Abrëll 1983 virgesäit, an der Kommissioun.

An dësem Kontext géing ech der Regierung gär follgend Froe stellen:

  • Dem RTL-Artikel no, hat den Zänndokter am selwechten Zäitraum eng Zouloosssung a Lëtzebuerg an an der Schwäiz ugefrot. Dës soll him am Juli 2014 vun der Schwäiz verweigert gi sinn, well deen Ament schonn a Frankräich eng Prozedur géint hie gelaf ass. Zu Lëtzebuerg konnt hien awer zënter Juli 2014 eng Praxis bedreiwen. Hat de Ministère d’Méiglechkeet, fir d’Virgeschicht vun deem Zänndokter ze kontrolléieren?
  1. Wa jo, hat den zoustännege Ministère dat gemaach a firwat gouf dann awer eng Zouloossung erdeelt?
  2. Wann nee, kann d’Madamm Minister erklären, wéi et méiglech ass, datt d’Schwäiz Zougang zu dësen Informatiounen hat a Lëtzebuerg net?
  • Dem RTL-Artikel no, soll d’Affär, déi zum Entzéie vun deem Zänndokter senger Zouloossung hei am Land gefouert huet, schonn 2017 un d’Rulle komm sinn. Hie gouf allerdéngs eréischt elo suspendéiert. Kann d’Madamm Minister preziséieren, firwat dës Prozedur mat hiren Ermëttlungen esou laang gedauert huet? Ass eng Vereinfachung vun deene Prozeduren virgesinn, fir méi séier an esou Fäll vu méiglecher Kierperverletzung an/oder Bedruch reagéieren ze kënnen? Wat gesäit de rechtleche Kader hei vir?

Mat déiwem Respekt,

hei fannt Dir d’Äntwert vun der Gesondheetsministesch Madame Martine Deprez.

Deel dëse Post: