Mécht de Staat eppes, fir déi regional Kinoen ze retten?

Am Hibléck op de finanziellen Iwwerliewenskampf vum Iechternacher Ciné Sura stellt d’Deputéiert Alexandra Schoos e puer onbequem Froen un de Kulturminister:

Fro:

Den Iechternacher Ciné Sura, dee fir de Kaf vun engem neie Filmprojekter 60.000 Euro fanne muss (en zweeten Devis, deen d’Installatioun vun esou engem Filmprojekter mat akalkuléiert, beleeft sech souguer op 90.000 Euro), huet zu dësem Zweck eng Crowdfunding-Campagne lancéiert, déi de 15. Januar ofleeft. Bis elo sinn 48.000 Euro zesummekomm (Quell: “Le Quotidien” vum 11. Januar 2024, Artikel “Derniers jours pour sauver le Sura”, S. 21), wat fäerte léisst, datt déi genannt Zomm net erreecht gëtt an dëse wichtege Regionalkino, deen zu den eelsten am Land gehéiert, net weiderbedriwwe ka ginn.

Wéi een am genannten Artikel noliese kann, huet sech d’Asbl Ciné Sura un de Kulturministère adresséiert, fir Hëllef ze kréien, gouf awer un de Grupp “Cinextdoor” verwisen, un deen d’Subside vum Staat fléisse géifen. Allerdéngs wier, sou den Artikel,  dëse Verbond, deen aacht regional, onofhängeg Lëtzebuerger Kinoe vertrëtt, selwer an enger finanzieller Noutlag a kéint dofir dem Ciné Sura keng finanziell Hëllef an Aussiicht stellen. Wat drop schléisse léisst, datt net nëmmen de Ciné Sura, mee all déi aacht regional Kinoen, déi an dësem Grupp zesummegeschloss sinn, enger ongewësser Zukunft entgéintkucken.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Ginn et am Kulturministère Iwwerleeungen, déi drop ofzilen, de Ciné Sura, fir de Fall, datt déi mentionéiert Zomm net erreecht géif ginn, ze retten, an domat e Pilier vum Iechternacher Kulturliewen? Wann net, aus wéi enge Grënn gesäit d’Regierung d’Iwwerliewe vun dësem Kino, an domat verbonne vun deenen aneren aacht Kinoen, déi am Grupp Cinextdoor zesummegeschloss sinn, net als Prioritéit?
  • Geet d’Regierung net dervun aus, datt si eng besonnesch Verflichtung géintiwwer dëse Kinoen huet, nodeems déi extrem restriktiv Mesuren am Kader vun der Coronakris ouni Zweiwel zur momentaner Kris, an där sech dës Kinoe befannen, bäigedroen hunn?
  • De Ciné Sura gouf bei den Iwwerschwemmunge vun 2021 uerg beschiedegt, wat e weidere Grond fir déi aktuell schwiereg Situatioun ass, an där sech dëse Kino befënnt. Gëtt et an deem Zesummenhang nach kee Plan d’urgence vun der Regierung, wéi een an Zukunft déi regional Kinoen am Fall vu Brand, Iwwerschwemmung, asw. schütze kann?
  • Déi regional Kinoe ginn zum groussen Deel vu Benevoller geréiert, wat mat enger grousser Ongewëssheet verbonnen ass, wat d’Zukunftsaussiichte vun dëse Kinoen ugeet. Wéi eng Efforte wäert de Staat ënnerhuelen, fir de Kinoen an Zukunft beim Rekrutement vu qualifizéiertem Personal ze ënnerstëtzen?

Äntwert:

Regional Kinoen, wéi de Ciné Sura, sinn ee wichtege Pilier vun der regionaler Kulturoffer an droen a
villen Hisiichten zur kultureller Vilfalt an zum Erhale vun der Filmkultur an de Regioune bäi.
Aus dësem Grond ginn déi regional Kinoen och vum Kulturministère iwwert zwou Konventiounen
ënnerstëtzt, engersäits mam Centre de diffusion et d’animation cinématographiques (CDAC /
Cinextdoor), anerersäits mat Images animées. Iwwert dës Konventiounen, déi d’Administratioun,
d’Programmatioun an d’Manifestatioune ronderëm de Kino fërderen, ginn am Ganze 15 Kinossäll
uechter d’Land ënnerstëtzt.
Doriwwer eraus kann de Kulturministère, ënner gewësse Konditioune, iwwert säin Dispositif Aides
financières étatiques pour infrastructures culturelles au sein des communes och kommunal kulturell
Infrastrukturprojeten ënnerstëtzen. D’Bedreiwer vum Ciné Sura sinn op dës Méiglechkeet higewise
ginn. Eng offiziell Ufro fir Hëllef ass awer bis dato net am Kulturministère erakomm.
Esou wéi am Regierungsprogramm virgesinn, wäert de Kulturministère seng Efforte weiderféiere fir
déi kulturell Offer an de Regioune weider ze stäerken. An deem Kader ginn och Iwwerleeunge
gefouert, wéi ee regional Kulturhaiser, wéi de Cité Sura, weider valoriséieren an nach besser
ënnerstëtze kann.
D’Coronakris hat ouni Zweifel ee groussen Impakt op de Kultursecteur. Nieft de finanziellen
Hëllefsmesuren, déi d’Regierung wärend der Pandemie agefouert huet (e.a. de Fonds de Relance et
de solidarité an de Chômage partiel Covid-19) , wëll ech op dëser Plaz nach emol drun erënneren, datt
Lëtzebuerg – zu enger Zäit an där uechter ganz Europa de facto quasi all Rassemblementer verbuede
waren – eng Virreiderroll gespillt huet, wat d’Reouverture vum kulturelle Secteur ugeet.
Wat de Schutz géint Naturkatastrophe betrëfft, gëtt vum Kulturministère e plan de Gestion de crise fir
déi staatlech Kulturinstituter, an enker Zesummenaarbecht mat der Direction de la sécurité civile vum
Inneministère a mam CGDIS, ausgeschafft. E spezifesche “Plan d’urgence” fir regional Kinoen ass
momentan net virgesinn. Et ass den eenzelen Acteuren hir Responsabilitéit, déi néideg Mesuren
z’ergräifen an Assurancen ofzeschléissen, fir sech op esou Zenarie virzebereeden.

 

 

Deel dëse Post: