Me Nicky Stoffel ass ADR-Kandidatin fir de Staatsrot

Den ADR-Nationalkomitee huet de 6. Februar a senger Sëtzung decidéiert, déi jonk Affekotin Véronique Nicky Stoffel fir dee fräie Posten am Staatsrot ze proposéieren. D’Kandidatur ass der Chamber dee selwechten Dag zougaangen.

D’Nicky Stoffel ass 1974 gebuer an huet hiren Droits-Studium zu Stroossbuerg gemaach. Do huet si en D.E.S.S. Droit des Affaires, de Magistère Juriste d’Affaires franco-allemand, den Diplôme de Juriste Conseil d’Entreprise (DJCE) an de Maître en Droit des Affaires gemaach. D’Nicky Stoffel ass zënter 1999 Affekotin zu Lëtzebuerg an zënter 2001 ënnert anerem Formateur an der Chambre de Commerce. Si huet sech an der Haaptstad niddergelooss, wou si och hir Primär- a Sekundarschoule gemaach hat.  D’Nicky Stoffel ass bestued a Mamm vu véier Kanner.

Pressematdeelung vum 6. Februar 2018

Deel dëse Post: