Maximal 568 COVID-Ustiechungen am Sport!

Als Normalbierger kënnt een dëser Deeg oft net méi zou sech, wann ee muss mat ukucken, wéi d’Regierung d’Lëtzebuerger Land a Leit säit bal zwee Joer zugronn riicht an dat alles mam Argument, se viru sech selwer ze schützen. Wéi d’Madamm Gesondheetsminister an enger rezenter Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Jeff Engelen huet missen zouginn, goufe vum 1. Mäerz 2020 bis zum 31. Dezember 2021 maximal 568 Ustiechunge mam COVID-19 gezielt déi “potenziell a Relatioun mam Sport” stoungen an déi real Zuele warscheinlech nach vill méi niddreg leien. Fir den ADR-Norddeputéierten gëtt et duerfir héich Zäit sämtlech COVID-Moossnamen am Sportberäich an d’Zuelen op deenen se baséiert waren, op de Leescht ze huelen fir kuerzsiichteg an onbezuelbar schiedlech Feelentscheedungen an Zukunft ze vermeiden.

Hannergrond

Deel dëse Post: