Matić-Bericht ugeholl: EU-Parlament gräift an national Rechter an – a kee Lëtzebuerger EU-Deputéierten huet dergéint gestëmmt!!

D’EU-Parlament huet de 24. Juni de sougenannte Matić-Bericht „iwwer sexuell a reproduktiv Gesondheet a Rechter“ ugeholl. Dëst Dokument fuerdert ënner anerem, datt d’EU-Memberstaaten Ofdreiwung als Mënscherecht ugesinn, datt de Staat d’Kanner soll sou fréi wéi méiglech zur Masturbatioun encouragéieren, datt operativ Geschlechtsëmwandlunge fir jiddereen, och fir Kanner a Jugendlecher, solle vum Staat finanzéiert ginn an datt eng „gendergerecht“ Sexualerzéiung schonn an der Primärschoul zum feste Bestanddeel vum Unterrecht gehéiere soll. Wéi wa mer matzen an enger Pandemie net aner Problemer hätten! Mat dëser Resolutioun, besonnesch am Hibléck op Ofdreiwung, widdersprécht d’EU sech selwer. Am Artikel 2.1 vun der „Charte des droits fondamentaux de l’Union européenne“ heescht et nämlech: „Toute personne a droit à la vie.“ Wat grad esou schlëmm ass: Mat dëse Bestëmmunge gräift d’EU an national Rechter an, well all déi Sujeten, iwwer déi ofgestëmmt gouf, sinn national Prerogativen. D’EU huet keng Rechter, wat d’Reguléirung vu Verhütungsmëttelen, Sexualerzéiung, Transgenderoperatiounen an Ofdreiwung betrëfft, an trotzdeem huet se heizou eng Resolutioun gestëmmt. Wat d’Saach nach méi schlëmm mécht: kee vun de sechs Lëtzebuerger EU-Deputéierten huet dergéint gestëmmt! Domat gëtt kloer, datt fir eis sechs EU-Deputéiert d’Ideologiséierung vun der Politik méi wichteg ass wéi d’Verträg vun der EU selwer, déi ganz kloer déi mentionéiert Sujeten der Kompetenz vun de Memberstaaten ënnerstellen! De lénke kroateschen EU-Deputéierte Predrag Fred Matić huet no der Ofstëmmung geschriwwen: „Unter der Ägide der Unionsflagge muss jeder Zugang zu Verhütung, Abtreibung, Fruchtbarkeitsbehandlungen haben.“ Och wann domat national Rechter beschnidde ginn…

Deel dëse Post: