Mat Häerz fir d’Landwirtschaft

Wann d’Landwirtschaft am Zesummenhang mam Klimawiessel diskutéiert gëtt, gëtt dacks mam Fanger op d’Bauere gewisen. A senger Interventioun vum 19. November mécht de Jeff Engelen däitlech, datt dat e grouse Feeler ass. Eis Bauere si virun allem Acteure fir de Landschaftsschutz a si hunn e grouse Potential, fir duerch den Ubau grouss Quantitéiten un CO2 anzespueren. Klimaschutz geet nëmmen zesumme mat eise Baueren. Den Nord-Deputéierte mécht och drop opmierksam, datt bei der Biolandwirtschaft net alles Gold ass, wat glänzt. Et brauch ee sou z.B. bei der Biolandwirtschaft, déi “déi gréng” jo sou vehement fuerdere méi grouss Ubauflächen. Dobäi sinn et grad “déi gréng”, déi am Rekord-Tempo Lëtzebuerg zoubetonéieren. Koherent Politik gesäit anescht aus.

 

Deel dëse Post: