Massenenteegnung am Trëntenger Dall?

Bauer

D‘ADR Osten ass de Samschdeg zu enger ausseruerdentlecher Reunioun zesummekomm, nodeems si mat Entsetze gewuer gouf, datt d’Regierung plangt, fir de 1.700 Hektar groussen Trëntengerdall vun uewen erof an en Naturschutzgebitt ëmzeklasséieren an domat ze riskéieren, vill lokal Baueren a Wënzer an Existenznout ze bréngen. Grad vun enger Regierung, déi sech sou gären d’Promotioun vun der lokaler Liewensmëttelproduktioun op de Fändel schreift, eng méi wéi verwonnerlech Approche! Famillen, déi säit Jorzéngte mam „Kiischtendall“ enk verwuess sinn an hir Betriber vu Generatioun zu Generatioun weiderginn hunn, gi vu Gambia virun de Kapp gestouss. 1.700 Hektar Land einfach sou an eng Naturschutzzon ze verwandelen, bedeit schlëmmstefalls d’Enn vun der Mëllechwirtschaft an där Regioun. De Baueren a Wënzer aus de betraffene Gemengen drot eng schläichend Enteegnung, och wann d’Regierung no baussen erkläert, dëse Leit géif „gehollef“ ginn an iwwer eenzel Detailer kéint een nach diskutéieren.

D’Baueren a Wënzer aus dem Trëntengerdall sinn et haaptsächlech, déi dëse Landzuch zur Prosperitéit gefouert hunn. Dofir wiert sech d’ADR Osten och vehement géint Haasstiraden aus dem Internet, an deenen dës Mënschen als „Gëftmëscher“ erofgewierdegt ginn.

Et kann net akzeptéiert ginn, datt Gambia virum Waljoer alles zerstéiere wëll, wat dës Baueren a Wënzer opgebaut hunn! Et mierkt een och, datt dës Regierung, ënner där hei am Land méi zoubetonéiert a -goudronéiert gouf wéi jeemools virdrun, um beschte Wee ass, eist Land an en „real existierenden Sozialismus“ ze féieren. Dofir soe mir als ADR Osten:

  • Jo zu eegeverantwortlechem Naturschutz am Matenee vun allen Acteuren!
  • Nee zu willkürlechem, bürokrateschem Gedirängels vu Leit, déi säit Generatiounen aktiv zu enger nohalteger Entwécklung vun der Regioun bäidroen!

 

 Pressematdeelung vun der ADR Osten vum 14. November 2022

 

Deel dëse Post: