Maskeflicht: Negativ Auswierkungen op eis Kanner!

Et geet ëm d’Maskeflicht an de Schoulen a Betreiungsstrukturen. Hei hunn rezent eng Rei Orthophonisten an aner Spezialisten festgestallt, datt d’Maskeflicht vum Personal negativ Auswierkungen op d’Kanner kann hunn. Dat an deem Sënn datt d’Kanner net méi dat ganzt Gesiicht vun de Bezuchspersoune gesinn. Doduercher kënne gewësse Problemer optrieden, virun allem beim Léiere vun der Sprooch. An der Haaptsaach betrëfft dat kléng Kanner an de Crèchen, déi am gaange si schwätzen ze léieren. Betraff sinn awer och Kanner mat Dyslexien oder Kanner déi Friemsprooche léieren. Et ass deemno wichteg datt sou e Kand d’Lëpsen an de Mond vum Enseignant oder Educateur ka gesinn.

 

Deel dëse Post: