Iesswueren, vun deenen de Mënsch lieft, si wäertvoll an et ass eng ethesch Verflichtung, respektvoll mat Liewensmëttel ëmzegoen. Et deet wéi ze gesinn, wéi Dag fir Dag eng Onmass u wäertvolle Liewensmëttel fortgehäit gëtt, déi eigentlech nach gutt verwäertbar gewiescht wieren. De Roy Reding ass sech a senger Interventioun vum 21. Mäerz sécher, datt manner onsënneg Normen, notamment EU-Normen, och fir manner verbëtze vu Liewensmëttel suergt. Den ADR-Deputéierte plädéiert fir manner Reegelen a méi gesonde Mënscheverstand (Extrait 0’48”). Jiddereen huet an deem Sënn eng Verantwortung ze droen, a villäicht sollt een an Zukunft zwee mol driwwer nodenken, ob ee wierklech an Zellulan verpaakte virgeschielten Orange kafe wëll.