Mangel u Walpanneauen zu Laaschte vu klenge Parteien?

D’Gemenge stellen de Parteien am Kader vun de Chamberswalen op ausgewisene Plazen offiziell Panneaue bereet, ob deenen si hir Lëschte presentéiere kënnen. Zu Ëlwen goufen allerdéngs manner Panneauen opgestallt, wéi datt Parteien untrieden. Eenzel Parteie géifen domat an hirem demokratesche Recht op Chancëgläichheet ageschränkt. Wéi reagéiert d’Madamm Banneminister?

Deel dëse Post: